Kaalt Waasser soll de Kierper an de Geescht beliewen. Ma wéi eng Effekter huet esou eng Dusch op eise Kierper an op wat musse mer oppassen?

06/03/2020 Äiskal duschen

Moies fréi kann ee sech dat net wierklech virstellen, mä et soll hëllefen a Schwong ze kommen: äiskal Duschen.

Ee vun de Virdeeler ass dass eng kal Dusch d'Laun verbessere kann. Duerch d'Keelt gëtt de sympathesche Nervesystem aktivéiert an et gi méi Endorphinen an Noradrenalin ausgeschott. Mol dovunner ofgesinn dass een éischter waakreg ass, et ass een also och nach besser drop. D'Récepteuren op der Haut schécken dem Gehir elektresch Impulser an dat mécht glécklech.

Kaalt Waasser kann engem och Péng huelen, de Grond ass, dass d'Oderen sech zesummen zéien. Kënnt also zum Beispill och gutt bei Muskelkater. A wann et erëm méi waarm dobaussen ass, an ee sech beweegt, kann eng kal Dusch no enger Aktivitéit dozou bäidroen, dass de Kierper seng Temperatur besser regléiert kritt.

© Pixabay

Lo ass et awer esou, dass ee sech d'éischt emol un déi äiseg Temperature gewinne muss. Während dem Ofkillen muss e seng Ootmung kontrolléieren, soss kéint een a Panik geroden. Schlëmmstefalls kann zu Häerzrythmusstéierunge kommen.

E puer Etüden sinn zum Resultat komm dass de Muskelopbau gestéiert gëtt well den Entzündungprozess ënnerbrach gëtt. De Kierper leescht eng gutt Aarbecht wann ee sech nom Training erhëlt. Wann een déi Aart vun Heelen ënnerbrécht, geet alles méi lues.

Dovunner emol ofgesinn: Et muss ee keen Athlet oder Bodybuilder sinn fir vun den Avantage vum äiskale Waasser ze profitéieren. Mä et ass ewéi bei Allem: et soll een et reegelméisseg maachen. Idealerweis sollt een et ronn 5 Minutten aushalen, entweder ënnert der Dusch oder an der Bidden. Fir unzefänken ginn 3 Minutten awer och duer.

© Pixabay