Den 8. März, gëschter huet de Bulli säi ronne 70te Gebuertsdag gefeiert. Vum Kultbus gëtt et mëttlerweil scho 6 Generatiounen, all goufen se an Niedersachse produzéiert. Am Ufank ass en als Transporter geholl ginn, spéider als Flower-Power Bus, bei haut, Vakanzen a Fräizäitbegleeder. D'Michèle ass en Tour matgefuer. 

09/03/2020 Happy 70th Birthday Bulli!

Wat ass de Bulli? Eng Stuff op Rieder? E Laaschtiesel? E Veräinsauto? Wuel kaum en aneren Auto huet am laf vun de Joerzéngten esou vill Rollen iwwerholl. Viru 70 Joer huet Volkswon zu Wolfsburg den éischte Modell produzéiert, dee munchereen och an der Liga vum legendäre Käfer gesäit. An Zäite vum Wiertschaftswonner huet en sech zum Verkasfschlager entwéckelt an huet an de 60er Joeren d'Liewensgefill vun enger ganzer Generatioun markéiert.

Och haut kënnt de Modell, allerdéngs an der moderniséierter Versioun grad esou an den Asaz als Mini Caravan, Seriéise Firmenauto, oder Sammeltaxi. An Däitschland si bei der Arméi, Pompjeeën a Rettungsdéngschter Spezialeditiounen ënnerwee. Och déi eng oder aner Fussballsequipe oder Rockband huet hiren eegenen T6.  

Rechent een déi verkaafte Busser vun alle Generatiounen zesummen, gëtt d'Ofdeckung vum Marché däitlech: Weltwäit huet VW iwwer 13 Millioune verkaf, Regionale Schwéierpunkt am Ausland waren d'USA wou all drëtte Bulli vun der T2, (der 67-79er)  Generatioun an d'USA exportéiert gouf. Och um Oldtimermart ass d'Nofro riseg.