Schlecht Loft an de Stied verkierzt eis Liewenszäit a bréngt weltwäit méi Leit ëm, wéi d'Fëmmen, d'Kricher oder Infektiounskrankheeten. Dëst op mannst mol ass d'Resultat vun enger Etüd vun eisen däitschen Noperen.

09/03/2020 Loftverschmotzung verkierzt eist Liewen ëm 3 Joer

Wien an enger Groussstad lieft, kéint bis zu 3 Joer méi fréi stierwen! Sou d'Fuerscher vum Max-Planck Institut fir Chimie an der Unisklinik Mainz. Dëst läit, hirer Etüd no, un de ville Schuedstoffer, déi Autoen a Kraaftwierker all Dag an d'Loft ausstoussen. Fossil Brennstoffer wéi Ueleg a Kuel si staark gesondheetsschiedlech. 

Deemno war d'Loftverschmotzung 2015 weltwäit fir ongeféier 8,8 Millioune verfréiten Doudesfäll responsabel - wat de Fuerscher no an der Moyenne enger Verkierzung vun eisem Liewe vun 2,9% entsprécht.

D'Ekipp huet 2015 d'Relatioun tëscht Schuedstoffer, wéi renge Stëbs an Ozon, a Krankheeten ënnersicht. Haaptresponsabel fir eist verkierzte Liewe sinn Häerz-Kreeslafkrankheeten.

Dem Thomas Münzel no, Auteur vun der Etüd a Kardiolog, maachen déi reng Particulen an der Loft eis Bluttgefäässer futti a begënschtegen soumat Krankheete wéi Häerzinfarkt, Hiereschlag, Häerzrhythmusstéierungen an Häerzschwächt. Am meeschte betraff sinn  eeler Mënschen, well 3 vu 4 Doudesfäll weltwäit concernéiere Leit iwwer 60 Joer.

Ma mir sinn net all d'selwecht vill betraff: am stäerkste sinn d'Auswierkungen a Süd- an Ostasien, virun Afrika, Europa, Amerika an Australien.

Allerdéngs ass net de Mënsch eleng fir d'Loftverschmotzung responsabel. Och Wüüstestëbs a Bëschbränn droen dozou bäi, dass d'Qualitéit vun der Loft net gutt ass.

Méi Klimaschutz a manner Ueleg oder Kuel géinge weltwäit ronn 5,5 Millioune fréizäiteg Doudesfäll pro Joer verhënneren, esou heescht et dann nach weider an der Etüd. Net fir näischt gëtt op europäeschem Niveau weiderhi staark un Alternative fir fossil Energie geschafft. Ma och gesond liewen, eng gutt Ernierung an e bëssi Beweegung, kann iech an ärem Häerz nach e puer Joer méi ginn.