De Corona-Virus ass nach ëmmer à la une. Esouguer wa mer eis reegelméisseg d'Hänn wäschen, besteet awer nach ëmmer eng Gefor fir sech ze infizéieren: wa mer mat den Hänn an d'Gesiicht fueren. An dat maache mer dacks an engem Dag, ganz onbewosst. Eng Websäit hëlleft dobäi dat sinn ze loossen.

09/03/2020 Donottouchyourface.com

Paakt en eppes un a geet dono mat de Fangeren an d'Gesiicht, kann och de Corona-Virus iwwerdroe ginn. Mer kënnen eis ustiechen wa mer d'Aen, d'Nues an de Mond upaken. Also sollt ee sech esou mann ewéi méiglech an d'Gesiicht fueren, an dat ass guer net esou einfach. Mir maachen dat ganz dacks, ouni et iwwerhaapt emol ze mierken. An dofir hunn 3 Entwéckler aus den USA- Bodge, Blankensmith a Moore-  sech eng afale gelooss. Eng Websäit, déi genee dat verhënnere soll. D'Säit ass fir Leit geduecht, déi de ganzen Dag um PC schaffen. Se heescht "Donottouchyourface.com" a ka nëmmen vun engem Computer aus opgemaach ginn, deen do dobäi och nach eng Webcam muss hunn.

© Pixabay

Wann een d'Säit opmécht, gëtt e puer Sekonne laang e Video vum Gesiicht opgeholl. Dono gëtt een opgefuerdert, sech op verschiddene Plazen am Gesiicht unzepaken. Déi Opnamen gi mat deem verglach, wat d'Persoun virun der Kamera mécht, d'Websäit leeft iwwerdeems am Hannergrond. Fiert ee sech dann an d'Gesiicht, rifft de Computer ganz haart 'Nee!'.

Der Internetsäit no gi keng Videoen oder Informatiounen an enger Cloud gespäichert an et geet och näischt un Drëtter eraus. Alleguer d'Berechnungen géifen lokal um Computer geschéien an et géif näischt iwwer Internet verschéckt ginn.

Wat nach géing hëllefen, wier e Stressball. Do sinn d'Hänn da beschäftegt an et geet ee net an d'Gesiicht. Oder et wäscht ee seng Hänn mat enger staark parfuméierter Seef. Da richt ee wann ee sech selwer ze no kënnt.