Corona oder net Corona, dat ass déi aktuell Fro! E jonke Student aus Wien erfënnt en Online-Test mat deem ee selwer erausfanne kann, ob een de Virus erwëscht huet oder net. Nicky Soisson.

10/03/2020 Online-Test fir de Corona-Virus ze testen

Eng 25.000 Mënschen hunn an nëmmen 3 Deeg de sougenannte Corona-Detekter online opgeruff a getest. Op der Internetsäit geet et ëm eng 1. Aschätzung, ob een eventuell vun enger Corona Virusinfektioun betraff si kéint oder net. 

Dësen Tool soll, dem Grënner Konstantin Klingler no, d'Hotlinen entlaaschten an d'Mënschen iwwer Symptomer informéieren, ma och Uspriechpartner an Tipps fir d'Preventioun ginn. En ersetzt keng medezinesch Diagnose, ma et geet primär vill méi ëm Opklärung. D'Internetsäit soll eng Info-Säit sinn, op där een einfach a séier dat néidegst Wëssen iwwer de Virus kritt.

D'Ziel vun dëser Säit wier et effektiv, engersäits de Leit ze hëllefen, selwer kënnen anzeschätzen ob een infizéiert ass, wéi ee sech schützt an u wien een sech wende kann. Anerersäits well de Student domat de Ministère an der Lutte géint d'Verbreede vum Virus ënnerstëtzen an d'Dokteren entlaaschten.

Dem Konstantin Klingler ass et awer wichteg ze betounen, dass dëst kee medezineschen Tool ass. Et handelt sech heibäi vill méi ëm e Studenteprojet, deen op Donnéeë vun der WHO an dem Gesondheetsministère baséiert. Et kann een deemno natierlech keng sécher Diagnose online ginn, dat bleift och weiderhin den Job vun den Dokteren. 

Eng App ass iwwregens och nach geplangt, allerdéngs gëtt et do nach kee genauen Datum fir de Release...Avis aux amateurs deemno!