Millioune Mënsche leiden ënnert Kaméidi, all 5. Europäer wier dovunner betraff, seet déi europäesch Ëmweltagence an hirem rezente Rapport. Dat ass net nei, ma leider wier keen Enn a Sicht. Düster oder besser gesot haart Aussiichten, Marie Gales.

12/03/2020 Vill ze vill Kaméidi!

Dee meeschte Kaméidi mécht daagsiwwer wéi och an der Nuecht de Stroosseverkéier aus, geet aus dem Rapport vun der EEA ervir.
Eng 113 Millioune Mënschen an Europa géife konstant duerch de Kaméidi aus dem Verkéier mat engem Geräischpeegel vu 55 Dezibel oder méi gestéiert sinn, deelt d'EU-Administratioun zu Kopenhagen mat. 22 Millioune wiere vun engem ongesonden héije Kaméidi duerch Zich, 4 Milliounen duerch Fligeren a knapp 1 Millioun duerch Industriekaméidi betraff. 55 Dezibel iwwregens ass sou haart wéi wann 2 Leit matenee schwätzen. Nuets kann dat virun allem immens stressen.

Kaméidi kann zu enger ganzer Rei Gesondheetsprobleemer féieren, zum Beispill eng 6,5 Millioune géifen dowéinst och kee Schlof méi fannen. All Joers géifen duerch d'Awierkung vu Kaméidi eng 12.000 Mënschen éischter stierwen. An och d'Déierewelt wier dovunner betraff, de Kaméidi géif eng negativ Auswierkung op hir Reproduktioun hunn, hir Stierflechkeet erhéijen an si a méi roueg Gebidder carrement verjoen.

Och wann zanter dem leschte Rapport dach probéiert gi wier de Kaméidi meeschter ze ginn, wier d'Zuel vun den Europäer, déi betraff sinn, net méi kleng ginn, seet d'EEA-Kaméidiexpertin Eulalia Peris. Domadder wier d'EU-Zil vun enger signifikanter Reduzéierung vum Kaméidi bis 2020 alles mee net erreecht.

Et géif och an Zukunft an Europa net méi lues ginn, ganz am Contraire, et gëtt domadder gerechent, dass d'Zuel vun de Mënschen, déi an Europa liewen, dësem iwwerméissege Kaméidi weider ausgesat ginn an an den nächsten 10 Joer nach klamme wäert. Dëst géif um Wuesstem vun de Stied leien, zum aneren och un der méi grousser Nofro fir mobil ze sinn.

Et géif een awer Ënnerscheeder erkennen, an Nordeuropa an eise Géigende wiere prozentual manner Mënsche engem méi décke Kaméidi duerch de Stroosseverkéier ausgesat wéi elo a Südeuropa zum Beispill an Italien oder Zypern.

Eng eenzeg Mesure fir dogéint ze steieren, gëtt et net, seet d'Eulalia Peris. Déi gängegst Methoden, der EEA no, wier de Makadamm op méi ale Stroossen auszetauschen, de Verkéiersfloss besser ze steieren an d'Vitesse op 30 Kilometer an der Stonn ze reduzéieren.

Net ze vergiesse wier do och d'Sensibiliséierung fir d'Mënschen op Verkéiersmëttel ze kréien, déi manner Kaméidi maachen, wéi Vëlofueren, ze Fouss goen och d'Notze vun Elektrogefierer. Eng ganz Rei Länner, Stied a Regiounen hunn entretemps sougenannte Rouzonen installéiert, wéi Parken a Gréngflächen an deenen de Mënsch virum Kaméidi an der Stad ka flüchten.