Bierger vu Plastik leien op de Plagen, schwammen am Mier an domadder net genuch. Wéi vill de Mënsch seng Ëmwelt zerstéiert a wat fir Suitte dat huet, d'Marie Gales mat engem weidere Beispill

11/03/2020 Nei Steng!

Wëssenschaftler hunn dat lescht Joer op der portugisescher Vakanzeninsel Madeira eng nei Zort Fielse fonnt, déi mat blo-wäisse Flecken iwwerzu waren. 2016 waren dës schonns mol gesi ginn an et war een deemools vun engem Eenzelfall ausgaangen. Leider net! Och am Mëttelmier goufe se detektéiert.

Dës Steng si zum groussen Deel aus Plastik, schreift de Wëssenschaftsmagazin „Science of the Total Environment”. Dës wäiss-blo Flécke si sougenannte „Plastikskrusten” a schonns 10 Prozent vum Uferberäich vu Madeira wieren dovunner betraff.

Anscheinend hätt sech de Plastik, deen am Mier schwëmmt mat natierleche Steng a Fielse vun der Insel zu eppes komplett Neiem verbonnen. Wëssenschaftler tippen, dass d'Waasseruschloen an d'Waasserbeweegungen wéi och d'Salzwaasser de Plastik sou veränneren, dass doduerch eng Schicht op de Steng ka gebillt ginn. Dat kéint ee vergläiche mat der Entwécklung vun Algen, dat awer op eng natierlech Manéier geschitt.

Dat lescht Joer wier de Probleem méi grouss ginn an déi Steng mat Plastik wieren och un de Küsten am Mëttelmier ze gesinn, wéi op der italienescher Insel Giglio.
Och op Hawaii goufe sou Entdeckunge gemaach. Fuerscher schwätzen do vun engem Plastikglomerat, enger Zort Steen aus geschmoltem Plastik, Vulkansteng, Korallen a Sand. Dëse géif entstoe wa waarme Lava op d'Mier mam Plastik trëfft.

Et dierf ee sech ausmolen wat dëst fir d'Liewewiesen am a beim Mier bedeit. Op Giglio a Madeira liewen op deene Fielsen, op deenen déi Plastiksschicht fonnt gouf, och vill Rei Déieren. Dës maache keen Ënnerscheed wat elo Plastikskrust ass oder net a sou geléngt dëse Mikroplastik a si an an hir Narungsketten.

De ganze Plastiksdreck am Mier kënnt vu Plastikstuten, Waasserfläschen iwwer CD-Scheeken, Eemeren, Kabeltrommelen bis zu den Zännbiischten a Briqueten an nach villes méi. Allerdéngs erkennt een dee Plastik net méi an där Form; duerch d'Opreiwe vun de Wellen ginn dës a mini, kleng, Stécker zerluecht, dass een se mam bloussen A net méi gesäit. Mä si si leider nach ëmmer do a maachen en enorme Schued.