Wat ass däin Hobby? Stonnelaang hannerteneen Serië kucken? Wien kënnt et net, well heiansdo ass dat genee dat richtegt op engem vereenten Sonndegmëtten. 

12/03/2020 Binge Watching ass net gutt fir d'Gehir

"Nëmmen nach eng Folleg." Wien huet sech net scho selwer dobäi erwëscht, wéi en bis an d'Nuecht eran Tëlee gekuckt huet, well en einfach net konnt ophalen. Schold dorunner si wahrscheinlech och Streaming Déngschter, wéi Netflix a co. Well zanter dass et déi ginn, kënne mir Serien un engem Stéck kucken a mussen net méi en Dag oder eng Woch drop waarden, dass d'Geschicht vun eise Liiblingscharakteren weider geet.

Ma leider hu Fuerscher elo erausfonnt, dass en Seriemarathon net ganz gutt fir eist Gehir ass. Doduercher géing net nëmmen eisen Schlof gestéiert ginn, ma och d'Leeschtung vun eisem Gehir léist no. Géing een nämlech een Episod pro Woch kucken, da kéint ee sech méi laangfristeg un Detailer erënneren, well een ëmmer nees nei säi Gehir misst ustrengen, fir sech nees un déi läscht Folleg erënneren. Zwar géinge "Binge Watcher" an den éischten 24 Stonnen méi verhalen, wéi Leit, déi pro Woch kucken. Ma missten se sech no 140 Deeg nach eemol drun erënneren, kéinte sech Leit, déi pro Woch eng Serie verfollegen, besser un d'Detailer erënneren. Konsuméiert een also méi, vergësst een och méi séier.