Deen een oder aneren huet et bestëmmt an deenen leschten Deeg erlieft. Da kritt ee sech net zeréckgehalen an et muss een néitsen. An da gëtt een ob eemol ganz komesch ugekuckt. Dobäi ass Néitsen keen heefegen Symptom vum Corona-Virus.

13/03/2020 Erkältung, Gripp a Corona-Virus: Wat sinn d'Ënnerscheeder?

Wie kann et nach den Ament ënnerscheeden? Wat sinn déi eenzel Symptomer bei der Gripp, enger Erkältung a beim Corona-Virus. Gréissten Indicateur beim Corona-Virus si Féiwer an dréchenen Houscht. Nëmmen heiansdo kënnt Middegkeet, Kappwéi, e kuerzen Otem a Halswéi dobäi. De Schnapp kéim als Symptom éischter seelen dobäi.

Och bei der Gripp ass Féiwer an dréchenen Houscht en éischten Indicateur, ma do dobäi kënnt awer, dass ee bei der Gripp heefeg och d'Glidder wéi kritt, extrem midd ass an och säi Kapp wéi kritt. Bei enger Erkältung géing et bal ni zu Féiwer kommen an et wier ee méi mam Schnapp, mat Halswéi a mat Néitsen geplot.

© RTL Grafik