Eng rezent Etüd am Frankräich huet erginn, dass 22% vun de Leit, déi am meeschte liesen, tëscht 50 a 64 Joer hunn, an 30% iwwer 65 Joer al sinn. An dir? Liest dir och gären e gutt Buch? Dës Aktivitéit verschafft net nëmme Pleséier an Entspanung, si reegt och är Fantasie un, Michèle Schons?

26032020 Gutt a Form Liesen eng agreabel an netzlech Fraizaitbeschaeftegung

D’Fuerscher vun der Uni Yale hunn och erausfonnt, dass eng Verbindung tëscht dem Liesen an dem gudden Algi besteet. Zu de Virdeeler gehéieren eng verstäerkt Konzentratioun an eng besser Schlofqualitéit. De Lieser gëtt nämlech aus sengem Alldag erausgerappt a kann doduerch vill méi séier Stress ofbauen. Eng weider bekannten Auswierkung op eis Gesondheet ass, dass d’Liesen de Risiko vun Alzheimer reduzéiert. Resultater aus der Revue “Proceedings of the National Academy of Sciences” beweisen, dass Erwuessener, déi Aktivitéite praktizéiere bei deenen d'Gehier gefuerdert gëtt, wéi d’Liesen oder och Kräizwuerträtsel, méi e klenge Risiko hu fir un Alzheimer z’erkranken. 

Ausserdeem klëmmt bei de Leit, déi méi wéi eng hallef Stonn den Dag liesen d’Liewenserwaardung an der Moyenne ëm 2 Joer.