Ghosting, Benching oder Snowmanning, u kreativen Nimm fir verschidden Dating-Trends feelt et sécher net. An awer fanne vill Leit déi Trends u sech zimmlech schiel. Elo  schéngt sech awer en neit Phänomen op Tinder & Co ze weisen, wat zwar zouginn, vum Numm hier net der Däiwel sexy kléngt, awer wéi et schéngt, nawell Succès huet: den "Thunberging."

16/03/2020 Thunberging

Dir hutt et vläicht scho verstanen? Hannert dësem Trend stécht, alt erëm eng Kéier, keen anert wéi d'Greta Thunberg, och wann déi schwedesch Klimaaktivistin net dofir kann, op mannst mol net direkt. An awer.! Well dësen Dating-Trend bestätegt déi ëmmer méi grouss Bedeitung vum Klimaschutz fir jonk Leit. Et schéngt, wéi wa fir vill Leit d'Bewosstsinn fir en nohaltegen Ëmgang mat eisem Planéit ëmmer méi zu engem wichtege Critère an der Sich no hirem Partner fir d'Liewe gi wier.

No Auswäertunge vun der Dating-Websäit OkCupid taucht de Klimaschutz däitlech méi dacks an den Dating-Profiller op wéi fréier. Effektiv huet de Gebrauch vun der Klima-Terminologie an deene leschten 2 Joer ëm 240 Prozent zougeholl. Den Numm Greta Thunberg géing sech iwwregens och ëmmer méi an OKCupid Dating-Profiller fannen. 2019 gouf dat 17 Joer alt Meedchen 800 Prozent méi dacks ernimmt wéi soss. Dat ass och de Grond, firwat dës Dating-App deem neie Phänomen den Numm "Thunberging" ginn huet.

Wéi se op déi Zuele kommen, ass einfach erkläert: Wee sech fir en OkCupid-Account registréiert, ka sech fir unzefänken duerch en zimlech ausféierleche Questionnaire klicken, deen op d'Wäerter an d'Ziler an och op d'Charaktereegenschaften ausgeriicht ass. Allerdéngs muss een net all Fro beäntweren. Par Rapport zu den Äntwerten, déi ee ginn huet, kalibréiert en Algorithmus dono, wéi compatibel bestëmmte User sinn.

OkCupid no, zielt d'Fro, ob Klimaschutz dem User wichteg wier, zu deenen am meescht beäntwert Froen vu leschtem Joer - méi wéi 4 Milliounen Notzer weltwäit hätte sech dozou geäussert, dat wieren 51 Prozent vun de Leit, déi ageschriwwe wieren. 2014 waren et iwwregens nëmme 34 Prozent.

Der Dating App no, hätt dëst Thema lescht Joer iwwregens méi Singles zesumme bruecht wéi jee.