Manhattan huet eng nei Aussiichtsplattform, natierlech erëm eng zimmlech spektakulär, sou wéi sech dat fir New York gehéiert. Dobäi gëllt vu New York bis Norwegen: dee beschte Bléck huet een net ëmmer do, wou och all déi aner stinn! Nicky Soisson. .

17/03/2020 Bescht Aussichten

Zanter dem 11. Mäerz kënne sech d'Visiteuren op de Glasbuedem leeën - oder un d'gliese Wänn stelle fir vun der neier Aussiichtsplattform "The Edge" de Bléck iwwer New York ze genéissen.  Fir op den 100. Stack vum Skyscraper "30 Hudson Yards" muss ee sech awer umellen an den Entrée ass natierlech net gratis. Fir ganzer 36 Dollar däerfe Visiteuren dann den Ausbléck genéissen.  

Bal all schwindelfräien Tourist well zu New York d'Stad och vun uewe gesinn. Méiglechkeete goufen et där jo och bis elo well e puer: de Klassiker den Empire State Building, de One World Observatory am One World Trade Center, allen zwee 380 Meter héich oder den "Top of the Rock" op 260 Meter, um Rockefeller Center.
Et ass jo net esou, wéi wann et zu New York géing u "Rooms with a view" feelen. Ma fir deen neie Quartier "Hudson Yard" och fir Touriste beléift ze maachen, muss et sou eng Plattform wuel ginn.

Dacks ass et awer esou, dass déi als Touristenattraktioun verkaaften Aussiichtspunkte guer net dat hale, wat se verspriechen. Mol ofgesinn dovunner, dass se deier sinn. Zum Beispill den ofgeleeëne Skywalk iwwert dem Grand Canyon, do wou een e puer Meter ewech e grad sou spektakuläre Bléck huet an deen och nach fir sech eleng.

Oder d'Plaz selwer ass effektiv de Wansinn, wéi an der Trolltunga iwwer de Ringedalsvatnet oder um Preikestolen an Norwegen. Déi kaschten zwar elo näischt, ma do huet een och seele seng Rou. 

Elo gëtt am Norde vun Norwegen grad nach un engem neie Foto-Hotspot geschafft, dës Kéier een aus Mënschenhand an e Beispill dofir, wéi konschtvoll am Land Architektur a Natur verbonne kënne sinn. Op der Insel "Andøya" mengt een, datt "The Whale" aus de Wellen opdaucht, jiddefalls gesäit den Daach vum Visiteurszenter op deem ee sech deplacéiere kann, vum Mier aus gesinn, aus wéi d'Floss vum Schwanz vun engem gigantesche Mieresdéier.

50 000 Touriste kommen am Joer op Andenes, fir vun do aus an d'Nordmier erauszefueren a vläicht Orcaen, Delfinen oder souguer Pottwalen ze gesinn. Falls déi awer grad ofgedaucht sinn, da kënnen d'Visiteuren sech vun 2022 un mat den exposéierten Déieren am neien Zenter tréischten a sech hei ënnert dem Schutz vun der riseger "Waalfloss" iwwer Mamendéieren am Mier an hier Bedeitung fir d'Mënschen informéieren. D'Vacancieren kënnen awer och einfach nëmmen op dat äisegt Nordmier kucken. Oder et esou laang um Walflossen-Daach aushalen wéi d'Keelt et erlaabt, fir d'Sonn ëm Mëtternuecht oder d'Polarlichter ze bewonneren. Ouni Glasscheiw, versteet sech.

Op anere Plazen äiferen Architekten ëm d'Designe fir Muséeën oder Theater. An Norwegen iwwregens, soll et gutt sinn fir de Ruff vun engem Architekt, op deen schéine Landschaftsstroossen Toilettenhaisercher ze entwerfen.