Mir sollen doheem bléiwen, dee Message ass wuel ee vun deene wichtegsten vun de leschten Deeg. Reesen, nei Länner entdecken a sech op anere Plazen fir e puer Deeg erhuelen, fält domadder fir den Ament flaach. Wéi een elo awer virtuell vun doheem aus déi eng oder aner Plaz bereese kann, verréit ass d'Lea Schwartz.

19032020 Virtuell Reesen

Mam Programm Google Arts & Culture versprécht déi amerikanesch Entreprise seng Visiteure mat op virtuell Reesen ze huelen. Plazen, Aussiichten a kuckenswäert Attraktiounen, déi ee schonn ëmmer wollt gesinn, soll ee ganz bequem vun doheem aus erreechen. Dat Ganzt funktionéiert iwwer Google Street View.

Sou kann een zum Beispill op den Taj Mahal a vun do aus eng spektakulär Vue iwwert de ganze Site genéissen. Dat besonnescht ass, dass ee sech eben net nëmmen eng Foto ukuckt, mee sech och duerch klicke kann. Et kann een also op eege Fauscht ronderëm goen oder besser gesot klicken. Och wann sech déi Experienz ëmmer op e klénge Raum beschränkt. Sou ass et sécher e flotten Zäitverdreif fir e puer vun deene bekanntste schéine Plaze vun der Welt ze gesinn. An zwar esou wéi se wierklech sinn an net just gutt a Zeen gesat op Fotoen.

Aner Destinatioune sinn zum Beispill Pompeji, déi italienesch Stad, déi viru bal 2000 Joer bei engem Vulkanausbroch vergruewe gouf, déi ägyptesch Pyramiden, de berüümte Strand zu Rio de Janeiro oder de Machu Picchu. Fir e puer Beispiller ze nennen. Do iwwerall kann ee per Mausklick spadséiere goen. Och verschidde Muséeën hunn hir Dieren opgemaach a loossen hir virtuell Besicher deen een oder anere Raum besichen. Ma och méi verréckten Destinatioune sinn dobäi. Plazen, déi ee soss och wuel net esou kéint erliewen. Et kann een sech zum Beispill och duerch déi International Raumstatioun klicken oder mat op de Mont Blanc goen.

Wien also grad no engem Tapéitewiessel verlaangert, kann hei eventuell op seng Käschte kommen. Natierlech ersetzt et reesen net wierklech. Do geet et jo ëm wéi just Saachen ze gesinn an ofzehaken. Do geet et och ëm Erliefnisser, sech neie Situatiounen ze stellen oder nei Bekanntschaften ze maachen. Dat alles ass vum Computer net méiglech, ma eng flott Ofwiesslung a vläicht déi eng oder aner Inspiratioun fir eng Zäit nom Coronavirus ass et bestëmmt.