D'Low Fodmap Diät kënnt aus Australien an ass eng Ernärunsweis, déi grad Leit soll hëllefen, déi een empfindleche Mo hunn oder dacks nom Iessen de Bauch wéi hunn. Wat dat fir e Regime ass a wat een dann elo géint e geschwollene Bauch maache kann, weess d'Lea Schwartz.

23032020 Low Fodmap

Bei der FODMAP Diät geet et drëms op verschidde Liewensmëttel ze verzichten. An zwar op all déi, déi eise Bauch oplafe dinn. An déi gehéieren zu deene sougenannte FODMAP-Liewensmëttel. Dat steet nämlech fir fermentéierbar Oligosaccharide, Disaccharide, Monosaccharide a Polyole. Dat kléngt méi komplizéiert wéi et ass a gemengt sinn u sech just bestëmmten Zocker- oder Alkoholverbindungen.
Dozou ziele Saachen, déi Fruktos enthalen, zum Beispill Uebst wéi Äppel. Awer och Laktos, zum Beispill a Mëllechproduiten. Verschidden Zocker oder Käerenzorten, Geméiszorten a Kabes. Och Ënnen, Champignonen a Porrette wären net ganz gutt verdaulech a falen ënnert déi Bezeechnung. Wëssenschaftler aus Australien hunn all déi Liewensmëttel katalogiséiert, déi zu där Grupp dozou gehéieren. Entstanen ass d'Low Fodmap Diät. Domadder kéint een de Mo schounen wann een eben déi Liewensmëttel evitéiert.

Bei deenen hätt eisen Daarm e bëssi eppes ze schaffen. Déi Iesswuere kënne nämlech net komplett am Dënndaarm verdaut ginn, mee gi weider an den Déckdaarm. Do ginn si zwar gutt zersat, ma bei deem Prozess kënnen awer Gasen entstoen. Gëfteg oder ongesond ass dat net, ma kann awer lästeg si wann een e sensibele Mo huet. Zum Beispill Leit mat engem Reizdarmsyndrom mierke ganz séier wann hire Bauch duerch Gasen opgeet a reagéieren do méi gereizt.

D'Low Fodmap Diät soll awer net dozou animéiere guer näischt méi ze iessen, wat zu där Liewensmëttelgrupp zielt, mee éischter méi bewosst domadder ëmzegoen. E gesonde Mënsch brauch sech doriwwer keng Gedanken ze maachen; ma dëse Regimm ass just fir Leit, déi wierklech Probleemer mat der Verdauung hunn. Am beschten ass et och wann ee säi Dokter do aweit.