Héiert sech op den éischten Ament dramatesch un, ma Kaze kann een duerchaus mat Raubdéiere, also Predateuere vergläichen. D'Organisatioun fir Natur- an Aartenschutz WWF soen dëst, d'Marie Gales erkläert.

25032020 Kazen net gutt fir d'Diversiteit

Jo et kann ee sech dat schwéier virstellen, eise gemittleche Puss op der Fautel soll e geféierlecht Déier sinn? Dee schmuust dach sou gär! Gesäit een dat elo aus der Vue vun engem Villchen oder enger Maus, jo dann ass dat e bëssi anescht.

D'Villercher si jo am Gaang mat Sangen a sichen eng gutt Plaz fir hiren Nowuess. An är Kaz weess ganz genee wat viru sech geet a fënnt an de Gäert a Wisen alles wat do erëm flattert, kraucht a leeft immens spannend an interessant.

De WWF seet dass enger Abberzuel kleng Déieren vu Kaze futti gemaach ginn. Vu Millioune Villercher geet riets, déi an de Kralle vu Kaze landen, nieft Mais, Maulefen, Fliedermais, Fësch, Fräschen, Eidechsen, Blindschleichen, Libellen an och Päiperleken.

Fir méi Prezisiounen iwwert d'Gefore fir dës Diversitéit an der Géigend vu Gäert ze kréien, huet elo en internationaalt Fuerscherteam an enger Etüd d'Verhale vum flénke Plüsch ënnert d'Lupp geholl an dat mat GPS. Knapp 925 Déieren aus den USA, Neiséiland, England an Australien haten d'Fuerscher eng Woch laang mat GPS-Tracker ausgerëscht.

D'Resultat hat d'Fuerscher dach erstaunt, well Satellittendonnée gewisen hunn, dass d'Kazen trotz hirem grousse Fräiheetsdrang, deen hinne jo nogesot gëtt, sech am Duerchschnëtt keng 100 Meter vum Haus ewech beweegen. Eng knapp 3 Kaze hate sech méi wäit aus de Féiss gemaach an an engem Radius vu méi wéi 500 Meter opgehalen. Op enger immens klenger Fläch géife Kazen eng ronn 42 Déiere pro Joer fänken, soen hir Besëtzer. Well si awer nëmmen e Brochdeel vun deem wat si gefaangen hunn, mat heem bréngen, ginn d'Auteuren vun dëser Etüd vun engen 130 Déiere pro Kaz pro Joer aus.

D'Fuerscher kommen zum Schluss, dass Kazen domadder op enger vergläichbarer Fläch méi Déiere wéi änlech grouss wëll Raubdéieren zur Streck bréngen. An dat, obwuel déi meescht vun de Kazen doheem nach gefiddert ginn.

Dofir réit d'WWF: Am Mee a Juni sollt ee seng Kaz am beschten net erausloossen. Well an där Zäit fléien déi éischt kleng Villercher, oder se probéieren et mol. Kastréiert Kazen weise manner Loscht fir ze joen. En plus wat méi kastréiert Kazen, wat et manner wëll Kaze gëtt, déi kee wëll. Spillt Dir mat ärer Kaz. Da ass se méi midd an huet kee Bock nach op d'Juegd ze goen. A kuckt dass Näschter an Fudderplazen net direkt an der Géigend vun ärer Kaz sinn a si sech just ze zerwéiere brauch.

Wëll Kazen goufen iwwregens net erfaasst bei dëser Etüd. Déi hu keen doheem wou se gefiddert ginn. Da kënnt Dir Iech jo virstellen, dass déi nach anescht joen.