Eis Nues ass ee vun de wertvollsten Zäitzeien. U verschidde Geréch aus der Kandheet zum Beispill, kënne mer eis bis haut, wann net esouguer bis un eis Liewensenn zeréckerënneren, Michèle Schons?

25032020 Wei richen Erennerungen

Wa mer un der Sonnecrème schnofflen, da kënnt eis net nëmmen direkt d’Mier an Plage vun der leschter Vakanz an de Kapp, ma och d’Schlauchboot an deem mer dra gepaddelt sinn, oder mir erënneren eis un d’Nuecht um Camping a wéi et bannen am Zelt gericht huet. Vlait erënnert eis och Eppes wat mer richen un der Boma säi Parfum fréier, de Klassesall, oder un de Gank an der Schoul, deen eis e Film an de Kapp zaubert?Et ass en typesche Fall vum Proust Phenomen. E Begrëff, un deem zanter Joren zwee Psychologen sen orientéieren, baséiert op enger Szeen aus dem Roman À la recherche du temps perdu. Doranner zappt de Protagonist eng Madelaine an den Téi, a wéi en dra bäisst kommen em ganz vill Ërennerungen aus der Kandheet an de Kapp.  

D’Faszinatioun vum Geroch gëtt et schon zanter der Antike. Och de Philosoph Aristoteles hat scho geschriwwen dass een näischt riche kann ouni dobäi eppes z’empfannen. 

Dobäi ass richen nëmmen e chemesche Prozess. Mir otmen all Dag eng 25.000 mol an an aus a Milliounen Doftmoleküler stréimen an d’Nues. Uewen an der Nues ass d’Richschlaimhaut, mat de Gerochsempfänger. Dës ginn elektresch Signaler iwwert d’Nerve bis an d’Gehir.  An dee verknäppt dat Ganzt da mat Erënnerungen. Well déi Gerech quasi ongefiltert bis an d’Gehier kommen an sech mat de Gefiller verbannen, bleiwen se méi laang hänken. Dësst huet awer och scho bei eise Virfahre Sënn gemaach, de Gestank vu faulem iessen zum Beispill deen un Bauchwéi erënnert heut, esou dass een déi Saachen net méi giess huet. E Gefill vu Gebuergenheet léisst zum Beispill Vick aus mat deem een sech bei enger Erkältung reift oder der wann ee Popcorn richt, fillt een sech wéi am Kino. De Geroch vu waarmem Summerreen, oder frësch geseetem Holz, oder einfach nëmmen d’Loft beim Mier, alles dat hannerléist eng Wierkung, déi een ëmmer nees an d’Gediechtness huele kann.