Dëse Weekend ginn d'Aueren erëm eng Stonn no vir gestallt. Obwuel déi meescht Leit vun dëser Zäitëmstellung genervt sinn, ass nach ëmmer alles beim Alen. An dat obwuel d'Europaparlament sech dofir ausgesprach hat d'Zäitëmstellung ofzeschafen. Nicky Soisson.

24032020 D'Auer gett dese Weekend gereckelt

Wéini et sou wäit ass, ass nach onkloer. De fréieren EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker hat de Plang 2018 virgestallt, dëse sollt u sech 2019 gräifen. Du gouf alles op 2021 verluecht, well d'EU-Länner sollten dem Plang als éischt mol majoritär zoustëmmen. D'Memberstaate sollten sech och ënnertenaner ofstëmmen, fir z'evitéieren, dass jee no Land verschidde Zäitzonen entstinn an dat ganzt dann an e risege Chaos ausaart. Huele mer mol einfach nëmmen déi international Fuerpläng am Zuch- a Fluchverkéier. Wann do all Land seng eegen Zäitzon hätt, da géing kee méi eens ginn.

Ma elo mol vu vir !

D'Zäitëmstellung gouf eigentlech deemools agefouert, fir dass d'Leit manner Stroum an Energie verbrauchen andeems se d'Dagesliicht méi laang notze kéinten. Dass awer ënnert dem Stréch keng Energie gespuert gëtt, dat obwuel d'Leit zwar manner Stroum verbrauchen, awer an de fréie Moiesstonnen am Hierscht an am Fréijoer méi heizen, ass elo well eng Zäitche bekannt. Also firwat nach weider un eppes festhalen, wat souwisou net dat bréngt wat sech dovunner erwaart gouf?

An enger EU-wäiter Ëmfro 2018 hate sech 84 Prozent fir en Enn vun der Zäitëmstellung ausgeschwat.
Gesond ass dëse Prozess och net wierklech. Ëmmer nees gouf dee Mini-Jetlag an Ëmfroe genannt, de Gros vun de Mënsche géif sech no der Zäitëmstellung midd a schlapp fillen an hätte Probleemer mam An- an Duerchschlofen. Méindes no der Zäitëmstellung mellen sech iwwregens méi Leit krank wéi op anere Méindeger.

D'Zäitëmstellung de Weekend elo op d'Summerzäit, heescht, dass et moies eng Stonn méi laang donkel bleift, dofir ass et owes eng Stonn méi laang hell. Ma déi Däitsch Gesellschaft fir Schloffuerschung a Schlofmedezin schwätzt sech fir e Bäihalen vun der Wanterzäit aus. D'Daagesluucht a besonnesch de bloen Undeel vum Sonneliicht géing eise Biorhythmus beaflossen, quasi also eis bannescht Auer, déi eis seet wéini mir waakreg sinn a wéini mir schlofe wëllen.  All dat géing den Experten no fir d'Bäibehale vun der Wanterzäit schwätzen.

Och wann et fir eng Partie Leit ënnert eis d'Zäit an eiser aktueller Situatioun net wierklech eng Roll spillt, vergiesst awer net, d'Auere ginn och dëse Weekend vun 2 op 3 Auer no vir gestallt. U sech ganz positiv: ëmmerhin heescht dat eng Stonn manner laang doheem bleiwen! ;)