D'Kokaplanz huet net de beschte Ruff, ëmmerhin ginn aus deene grénge Blieder Droge gemaach. Kokain, de wäisse Polver ass nom Cannabis déi meescht consomméiert Drog an Europa. Déi gesondheetlech Suitte vum Kokain si fatal, ma d'Planz selwer ass awer net de Probleem. De Géigendeel ass de Fall, déi ass souguer ganz gesond. A soll souguer eng Aart Superfood sinn. Lea Schwartz.

25032020 Superfood Kokaplanz

D'Kokaplanz ass donkelgréng, huet vill oval Blieder a gëtt virun allem dofir genotzt fir Kokain ze produzéieren. Dobäi kann d'Planz eigentlech och nach aner Saachen. Bei den Indigene gëllt se als d'Planz vun der Onstierflechkeet. Dat léit dorunner, dass si ganz vill gutt Närstoffer huet. An de Blieder si vill Proteinnen, awer och Eisen a Vitaminn A dran. Dobäi komme vill Ballaststoffer, Phosphor a ganz vill Kalzium.

D'Planz selwer gëtt schonn zanter 3000 Joer a Südamerika ugebaut. Si wiisst och just a 4 Länner. An zwar am Peru, Kolumbien, Bolivien an dem Ecuador. Fréier war et eng Aart Medezin. Frae konnten et géint Bauchwéi bei der Menstruatioun huelen, et sollt och géint Osteoporos hëllefen, e Schlaangebass heelen an d'Middegkeet verschwannen dinn. Eng kléng Wonnerwaff also. Ma déi Zäite sinn awer eriwwer, haut ginn se virun allem fir een Zweck genotzt, an dat ass fir Drogen hierzestellen.

Fir vill Baueren ass déi Planz eng Liewensgrondlag, a Géigende wou et soss net vill aner Perspektive ginn. Well d'Demande vum Kokain klëmmt weltwäit. Ma domadder och d'Offer. Kokain als Drog ass a bléift awer eng geféierlech Substanz, déi immens süchteg mécht a fir vill Misär responsabel ass.

Déi meeschte Bauere wëllen och net onbedéngt an illegal Geschäfter verwéckelt ginn oder dat ënnerstëtzen. Ma hinne feelt et awer un Alternativen. Dofir soll een neien Usaz eventuell de Kampf géint Drogen ënnerstëtzen. Andeems een d'Planz selwer notzt. Ier se mat komplizéierte chemesche Prozesser an eng geféierlech Drog verwandelt gëtt. D'Blieder eleng provozéiere kee Rausch.

Et kéint een d'Planz nees méi wéi fréier notzen. An der Haaptstad vu Kolumbien Bogota gëtt et scho Caféen, déi d'Kokaplanz anescht zerwéieren. Am Téi, am Gebäck oder als Zousaz fir Smoothien oder Zalote ginn d'Blieder verschafft. Domadder kéint d'Kokaplanz zwar nach ugebaut ginn a vill Existenzen domadder geséchert ginn. Ma illegal wär et dann net méi a virun allem net méi ongesond.

Bis elo gëtt et dat just a Südamerika selwer. Ma et wär och net dat éischt sougenannte Superfood wat de Wee aus Südamerika op eisen Teller fënnt. Domadder gemengt si Liewensmëttel, déi räich u ville verschiddenen Närstoffer sinn. Nieft Quinoa, Gojiibieren, Maca, Cacao a Chia wiere Kokablieder a beschter Gesellschaft wann et ëm exotesch Superfoods geet.