An Däitschland gouf eng Ëmfro gemat déi seet, dass de Radio fir 52 Prozent vun de Leit onverzichtbar ass. An der Zilgrupp vu 14 bis 49 Joer loung en domadder am Verglach mat anere Medien op der éischter Plaz. Och, a virun allem a Krisenzäiten.

250320Radio-a-Krisenzaiten07h20

An dësen Zäiten änneren natierlech och eis Gewunnechten, déi eng wëllen sech sou gutt wéi et geet informéieren, mat Hannergrondwëssen, oder einfach nëmmen entertaint ginn. Et geet virun allem ëm Vertrauen. Fakenews brauch d'office keen a scho guer net elo. An Däitschland vertrauen also 52 Prozent vun de Leit dem Radio, 37 Prozent der ëffentlech-rechtlecher Tëlee an 31 Prozent de Privatsender.

A méi onrouegen Zäiten wier et wichteg op dat ze setzen, deem een och soss vertraut. 

Och mir setzen natierlech alles drun fir iech sou séier a korrekt wéi méiglech ze informéieren, déi eng an der RTL City um Kierchbierg an déi aner eben via Home Office.

Op Télé Lëtzebuerg gi wéinst der aktueller Situatioun jo souguer d'Programmer vun den zwee Senderen adaptéiert. RTL Télé Lëtzebuerg ass domadder e rengen Noriichten- an Informatiounssender mat am Dag der Radio Web TV an owes Magazin a Journal. Den 2. Kanal, den RTL Zwee, suergt fir Divertissement an Oflenkung mat ënnert anerem dem Famillenduell, dem PISA a verschiddene Sitcomen a Serien.

Nieft eisem Motto selwer gesond ze bleiwen, wäert also an Zukunft och alles dru geluecht ginn, iech ze informéieren, egal op Radio, Tëlee oder Internet.