De räichste Mann vun der Welt, de Bill Gates huet jorelaang viru Pandemien gewarnt. Hien huet sech elo eng éischte Kéier zu Wuert gemellt an do serng Meenung zur aktueller Situatioun matgedeelt. Well de Bill Gates ass mëttlerweil méi wéi nëmmen een, deen duerch seng Technologie bekannt ass.

26-03-2020-BillGates07h20

Mat senger Fra huet hien zesummen an de 90er Joren d'"Bill and Melinda Gates Foundation" gegrënnt. Domadder kämpfen si géint den Honger a Krankheeten an der Welt. An zanter Joren warnen se eben och virun de Suitten vun enger Pandemie. 

An engem sougenannten AMA - Ask me anything, also "Fro mech wat s de wëlls", huet de Bill Gates elo Stellung geholl. Ouni elo Regierungen ze beschëllegen a grouss Onrou ze verbreeden huet e kloer Wieder fonnt, wat den Ament op der Welt géif falsch lafen.

Esou seet de Bill Gates, dass keen hätt kéinte virausgesinn, wéi grouss d'Warscheinlechkeet ass, dass en neien Virus entsteet. 

Op d'Fro wéi hien da mengt, dass een dat ganzt géif an de Grëff kréien sot de Bill Gates, dat eenzegt effikasst wier, wann ee sech géif radikal sozial distanzéieren. Wann een dat net mécht, gräift d'Krankheet op e groussen Deel vun der Bevëlkerung iwwer an d'Klinicken wieren iwwerfuerdert.

Déi gréisst Problemer gesäit en awer net fir déi méi räich Länner, mä Entwécklungslänner missten nach mat dramatesche Suitten rechnen. Do wier et vill méi schwéier Ofstand ze halen an d'Kapazitéiten an de Spideeler net sou héich wéi bei eis. 

Déi wichtegst Daten kéimen aus China. Déi hätten mat hirer Ausgangsspär kéinten d'Zuel vun den Neiinfektiounen reduzéieren. 

Kritiséieren mécht de Bill Gates d'Krittären ënnert deene getest gëtt. Wärenddeem an den USA Filmstaren a Sportler ouni Symptomer op de Virus getest ginn wéi beispillsweis am US-Bundesstaat Washington wou de Bill Gates lieft, misst ee virun allem d'Prioritéitsfäll an den éischten 24 Stonnen testen. Och Employéen am Gesondheetswiesen an eeler Leit sollten Prioritéit hunn.

Och bei den Impfstoffer huet de Bill Gates eng kloer Meenung: et misst een elo vill Produktiounsplazen bauen, och wann ee wéisst, dass vill vun hinnen keng Wierkung hätten. Experten géifen massiv dorunner schaffen an och seng Associatioun hëlleft mat 100 Milliounen Dollar. 

Wat geschitt no deem ganzen wollten vill Leit wëssen? Schonn am Joer 2015 huet de Bill Gates op dës Fro geäntwert. Vun der Technologie hir wier een op alles virbereet, et misst ee just méi doranner investéieren an dofir missten d'Länner an Zukunft besser zesummeschaffen.

Wa mer elo richteg handelen, genuch testen an vuneneen ewech bleiwen, da kréiche mer de Virus séier nees an de Grëff, esou de Bill Gates weider.