D’Police aus dem kaliforneschen New Port huet sech op Twitter opgereegt. Ëmmer erëm géife Léit uruffe well keen Toilettëpabeier méi do wär. Effektiv wären do vill Supermarchéen ausverkaaft. Dat wär awer kee Grond der Police unzeruffen, präziséieren si a weisen op e puer Alternativen hin. Ëmmerhi gëtt et Mënsche scho méi laang wéi Toilettëpabeier an do ginn et e puer interessant Alternativen an der Geschicht vun der Mënschheet. Wéi eng dat sinn, weess d’Lea Schwartz.

260302020 Toilettepabeier a Co

D’Réimer, d’Griiche jo souguer déi, déi Amerika entdeckt hunn, also d’Séileit wéi de Christoph Columbus hunn zu Zäite gelieft, wou et nach keen Toilettëpabeier gouf. Ma awer sinn si eens ginn.
 
D'Réimer zum Beispill ware fir hir Zäit scho ganz wäit, hunn Ofwaassersystemer gebaut, Wäschtempelen ageriicht an hunn allgemeng  vill Wäert op Hygiène geluecht. Fir sech no der Toilette propper ze maachen, haten si e Schwamp. An zwar war dee un engem Bengel fest gemaach an no der Benotzung gouf en an Salzwaasser gezappt. Fir e propper ze maachen.
 
Bësse méi abenteuerlech goung et bei de Griichen zou. Wuelverstanen an der Antik. All Griich hat zu där Zäit e klénge Säckelche bei sech, deen zum Asaz komm ass, nodeems se dann emol hu missen. An deem Säckelche ware Steng dran oder Schierbelen aus Toun.
 
Méi einfach gehalen hunn et d'Nomaden am Orient. Hei gouf einfach dat geholl, wat do war. An hirem Fall Sand. Ëmmerhi waren si jo an der Wüüst, an do gëtt méi wéi genuch dovun.
 
Am Mëttelalter gouf et zweeërlee. Eng Kéier fir déi normal Bierger. Déi hunn op Material aus der Natur zréckgegraff. Zum Beispill Blieder vun de Beem, Moos oder souguer Stréi. Déi méi Räich hu Lompen oder Schofswoll geholl.
 
Déi éischt, déi Pabeier genotzt hunn, sollen d'Chinese gewiescht sinn. Do gouf de Pabeier och erfonnt. Ma déi éischte Kéier op der Toilette soll e scho viru 600 Joer zum Asaz komm sinn. Beim Keeser sollt et sech souguer ëm e parfüméierte Modell gehandelt hunn.
 
An Amerika gouf em 1850 déi éischte Kéier Toilettëpabeier hiergestallt, deen och kommerziell verkaaft gouf. An Däitschland koum em 1950 eng änlech Variant op de Marché. Deen war awer dënn, mä haart an net ze vergläiche mat dem méi mëlle Modell, deen et scho an Amerika gouf. Hautdesdaags gëtt et en an allen Zorten, vum ganz mëllen, iwwert 4 Schichten, bis hin zu Toilettëpabeier deen no Zitroun richt. An egal wéi eng Zort ee sech elo keeft, méi angeneem wei d'Modeller aus der Vergaangenheet, ass e bestëmmt.