E kënnt schnell an onerwaart – a munchmol ass en och richteg geféierlech. De Grippe Virus beschäftegt momentan déi ganz Welt – eng Situatioun wéi mam COVID 19 gouf et nach ni. Ma Grippe-Pandemien an Epidemien sinn et awer schon ëmmer ginn. Verschiddener haten nach vill méi schro Konsequenzen wéi de Corona Virus. Déi normal Grippe zirkuléiert jo och nach, a fuerdert och all Joer weltwäit Menscheliewen.
D´Patricia Baum kuckt zréck op e puer historesch Pandemien aus dem leschten Joerhonnert bis haut. 

26/03/2020 Historesch Pandemien 14h45

Déi wuel schrooste Gripp war d´spuenesch Gripp, déi 1918 di éischte Kéier ausgebrach ass. Duerch di prekär Situatioun an där d´Welt deemools souwisou scho war, nämlech dem 1. Weltkrich, konnt de Virus sech schnell verbreeden a vill Affer fuerderen. Am ganzen gëtt geschat, datt méi Leit un der spuenescher Gripp wéi um 1. Weltkrich gestuerwe sinn. Di genau Zuelen konnten awer ni genau nogewise ginn, deemools sinn nämlech keng Tester gemaach ginn. Ma schätzungsweis sinn op der ganzer Welt bis zu 50 Millioune Leit un der spuenescher Grippe gestuerwen, bei enger Weltbevölkerung vun 1,6 Milliarden.

De Krankheetsverlaf bei der spuenescher Grippe war aus deem Grond esou schlëmm, well och d´Medizin nach net esou évoluéiert war. Antibiotiken, invasis Beotmung an Impfungen gouf et nach net. Ma awer och di schlecht Liewensbedengungen an aner Krankheeten wéi Tuberkulos hunn dozou bäigedroen. Déi verschidde Mesuren fir de Virus ze stoppen waren deemools och nach ganz anescht, zu New York, zum Beispill, ass et verbuede ginn op de Buedem ze späizen – 500 Leit sinn dowéinst verhaft ginn. A wien keng Mask un hat krut eng batzeg Geldstroof.

Bis haut ass di spuenesch Gripp di schlëmmsten Influenza – Pandemie an der Geschicht - och de schwaarzen Doud oder vun den Amerikaner „purple death“ genannt. Duerch de Sauerstoff Mangel huet sech d´Gesiicht nämlech blo-mof verfierft.

© Patricia Baum

Di wuel am längsten undauernd Pandemie ass d´Cholera. Hei handelt et sech ëm eng bakteriell Infektiounskrankheet, di meeschtens duerch dreckegt Drénkwasser verbreet gëtt. Di alleréischt Pandemie geet op d´Joer 1817 zréck an zënter deem ass d´Cholera och ni ganz verschwonnen. Di lescht schlëmm europäesch Epidemie war 1892 zu Hamburg. Duerno ass Europa zu enger plus-minus Cholera-fräier Zon ginn. Ma awer vill aner Länner hunn nach ëmmer mat der bakterieller Krankheet ze kämpfen. D´Probleemer leien oft an deene Länner, wou Drénk- an Ofwassersystemer net vuneneen getrennt sinn.

© Patricia Baum

Den éischten neie Virus aus dem 21. Joerhonnert, dee fir Opreegung an Angscht gesuergt huet, war de SARS Virus vun 2002 bis 2003. De Virus kënnt och aus der Famill vun de Corona Viren, ma ass awer deemools vill manner ustiechend gewierscht wéi de COVID 19 vun haut. Ma awer och deemools huet de Virus sech an nëmmen e puer Wochen vu Südchina an de Rescht vun der Welt verbreet.

6 Méint huet eis de Virus deemools beschäftegt. 774 Doudessaffer sinn et ginn a weltwäit iwwer 8000 confirméiert Fäll. D´Mesuren deemools ware Reeswarnungen fir Süd-Ost Asien, Zwangsquarantäne a ganz Stad-Deeler sinn desinfizéiert ginn.

De Sars Virus vun 2002 steet bis haut nach symbolesch fir den Nodeel vun der Globaliséierung.