Iwwerdeems déi eng Firmaen sech Gedanke maachen wéi et mat hinnen weider geet, ginn et der awer och déi vun der aktueller Situatioun profitéieren. Eng dovunner ass Amazon ronderëmn hire Chef Jeff Bezos.

27-03-2020-JeffBezos07h20

Amazon erlieft grad e Boom am Onlinehandel an engagéiert op ee Coup 100.000 nei Mataarbechter. An 10 Deeg verdéngt de Jeff Bezos 10 Milliarden Euro méi wéi soss.

Zanter dem 12. Mäerz, also deem Dag op deem den Donald Trump en Areesverbuet fir Europäer ordonéiert huet, war et bei der Aktie vun Amazon e Plus vu 15 Prozent, iwwerdeems anerer historesch vill verluer hunn. 

Finanziell gesinn geet et dem Jeff Bezos domadder also ëmmer besser. Deen zweetgréisste Profiteur vun deem ganzen ass wuel seng gescheete Fra MacKenzie Bezos. Si ass an de leschten 10 Deeg 4 Milliarden méi räich ginn. D'Scheedung no 25 Joer Bestietnes huet hir nämlech vill Amazon-Aktien abruecht.

Millioune vu Leit bestellen weiderhin bei Amazon, verschiddener vun hinnen entdecken elo mol wéi eng Méiglechkeeten do gebuede ginn. 

Och de weltwäit gréisste Biosupermarchlé Whole Foods gouf elo vun Amazon iwwerholl. 

2019 hat d'Entreprise en Ëmsaz vun 280,5 Milliarden Dollar. Plus 20 Prozent bannent engem Joer. 2015 war et e Verloscht vun 241 Milliounen, 2019 e Gewënn vun iwwer 11,6 Milliarden Dollar. 

Och am Entertainment konnte si vun der aktueller Situatioun profitéieren. De Prime Service, bei deem ee Serien a Filmer kucken kann, hat scho virun der Pandemie 150 Milliounen Clienten déi bezuelt hunn an déi Zuel geet weider an d'Luucht.

Mä och Mataarbechter vun Amazon an och déi di d'Päck ausliwweren bleiwen vum Virus leider net verschount. Duerch e spezielle Fond sollen d'Mataarbechter déi positiv getest goufen an net schaffen kënnen goen och weiderhin hir Paie kréien. Wat bei eis logesch schéngt, ass den USA eben net de Fall.