Elo wou déi Meescht ënnert eis vill doheem sinn, hu mir genuch Zäit eis mat eisem Doheem méi genee ausenaner ze setzen an eis, firwat net, erëm nei an eis 4 Wänn ze verléiwen. Zäit ze raumen, ze botzen an ze verschéineren fir de Kapp fräi ze kréien an eis drun ze erënneren, dass eist doheem déi Plaz ass wou mir genee dat kënne maache wat eis gefält - op mannst mol wat d'Dekoratioun ugeet, Nicky Soisson.

26032020 Nees gaeren doheem sinn

Et ass den ideale Moment sech Gedanken ze maachen, wat eis doheem gefält a wat mir gäre géingen änneren a verschéineren. Fir déi Leit ënnert iech, déi domadder e bëssi iwwerfuerdert sinn, ginn et hei e puer Tipps:

Ännert mol einfach d'Dispositioun vun de Miwwelen an ärer Stuff. Dëst ass, nieft dem Raumen déi 1. Etapp fir ärer Stuff en neie Look ze verpassen. De positiven Nieweneffekt ass, dass dir är Miwwelen erëm nei entdeckt andeems dir hinnen eng aner Plaz gitt.  Probéiert mol einfach d'Plaz vum Kannapee, vun der Fotell oder vum Tëleesmiwwel ze wiesselen a schonn hutt dir quasi eng nei Stuff.

D'Miwwele si well geréckelt, ma nawell feelt iech nach eppes? Da probéiert och mol är Dekosobjeten e bëssi anescht ze stellen. Huelt all déi Saachen, déi iech gefalen: Erënnerungsstécker, schéi Bicher, Vasen oder Billerrummen a stellt se sou op äre Buffet oder Komoud, dass se valoriséiert ginn. Dir wäert gesinn, wéi och dat säin Effet mécht.

Beim Raumen a Verréckele vun äre Miwwelen, faalt dir bestëmmt och op dat eent oder anert Stéck, wat dir well laang net vermësst hutt. Et ass de gudde Moment sech vun deene Saachen ze trennen, déi just nach als Aufgab haten onnëtz är Schief ze fëllen. 

Denkt dobäi awer drun, dass dir mat Saachen, déi iech just nach am Wee stinn, vläicht nach een anere glécklech maache kënnt!

Profitéiert och vun ärer fräier Zäit doheem fir déi wäiss Mauer an ärer Stuff oder am Büro och mol ze dekoréieren. Wéi dacks sidd dir well laanscht déi Mauer gelaf an hutt iech gesot, dass do eppes feelt? Elo ass de Moment. Et mussen iwwregens net ëmmer nëmme Biller sinn. E puer kleng Planzen an engem Kader oder op engem Regal, Do it yourself Design Mobiléeën, Kannergemools, 3D Kaderen mat flotten Objeten dran, Erënnerungsstécker vun äre leschte Reesen; kuckt mol wat dir sou alles an ären Tiräng stockéiert, dir wäert iech wonneren! Ärer Kreativitéit sinn heibäi iwwregens keng Grenze gesat! 

Maacht iech en Eck fir ze liesen oder sech ze entspanen, ganz eleng fir iech. Wann doheem mussen ze bleiwen fir verschiddener immens schwéier ass, ass et fir anerer endlech den Ament mol all déi Bicher kënnen ze liesen, déi sech sou iwwert d'Jore gesammelt hunn a fir déi een ni déi néideg Zäit fonnt huet. A Funktioun vun der Plaz, déi een huet, kann een sech e Lieseck an engem Eck vun der Stuff, am Zëmmer oder am Couloir ariichten. Eng Fotell oder eng Matrass, vill Këssen, eng Decken an eng schéi Luucht ginn duer fir sech et sou richteg gemittlech ze maachen.

Riicht iech och e klenge gréngen Eck mat Planzen an, schonn hutt dir d'Natur doheem ouni mussen eraus ze goen. Planzen doheem si wichteg fir sech wuel ze fillen a bréngen och frësche Wand eran. Wann dir nëmmen e puer Planzen doheem hutt, probéiert se mol einfach zesummen ze stellen fir e Maximum vun hinnen ze profitéieren an ärer Wunneng e bëssi Faarf ze ginn. Ëmsou méi wann dir iech ameséiert, d'Dëppen an d'Jardinièren aus verschiddene Materialer a Faarwen ze kombinéieren.