Wie krut schonn net mol gesot "Hal dech richt" oder "Maach kee Bockel". An awer erwëscht ee sech selwer ëmmer erëm, wéi kromm een do nees sëtzt, d'Schëlleren hänke léist an de Réck ronn mécht. Ma grad beim Sëtzen um Büro oder elo am Home Office verbréngt ee vill Zäit an enger Positioun. Fir déi laang Stonne besser a méi gesond ze iwwerbrécken ginn et puer Tipps. Wéi een dann elo sëtze ka fir sengem Kierper eppes Guddes ze dinn, weess d'Lea Schwartz.

27032020 Richteg setzen!

Sëtzen huet net de beschte Ruff a soll eisem Kierper schueden. Ma eng grouss Partie vun de Leit kënnt awer net dolaanscht 8 Stonnen den Dag ze sëtzen. Déi eng perfekte Sëtzpositioun gëtt et net; et gëtt awer eng, déi de Réck am meeschten entlaascht an dat ass wann ee ganz richt do sëtzt. Den Drock op d'Bandscheiwen ass dann am klengsten, anescht wéi wann een e bëssen zesumme geknujelt do sëtzt.

Ganz riicht, wéi geet dat dann? Fir d'éischt muss de Stull esou héich agestallt sinn, dass de Computer op Aenhéicht ass. Da kann een d'Genéck och ganz riicht maachen. D' Schëllere sollt een no hanne rullen, also net no fir hänke loossen. De Réck brauch Kontakt mam Stull. D'Becken muss dann liicht no vir gekippt sinn. D'Been si praktesch parallel zum Bueden an d'Féiss sollten dee och beréieren.

Ustrengend, gell?!

Ma och déi Positioun sollt een net ze laang halen. Well de Schlëssel fir esou gesond wéi méiglech ze sëtzen, ass et sech reegelméisseg ze beweegen. Dat heescht d'Positioun ëmmer nees ze änneren. Dat nennt een dann dynamescht Sëtzen. Sou kann ee sech mol ganz riicht dohinner sëtzen, mol sech wéi e Gromperesak hänke loossen, sech kuerz op ee Been sëtzen, d'Gewiicht vu lenks op riets verlageren oder och mol beim Computer stoen. Dat Allerwichtegst wär et net anzefréieren an enger Positioun.

Beweegt ee sech eng laang Zäit net, kënnt et zu Verspanungen. Ännert een awer reegelméisseg seng Positioun, reegt dat d'Duerchbluddung besser un an d'Muskelen wéi d'Bandscheiwe gi mat Närstoffer versuergt. Eng erhéichte Bluttzirkulatioun kann sech och positiv op d'Dynamik auswierken. Et bléift ee méi waakreg, kierperlech ma och am Kapp.

Och d'Laun gëtt verbessert beim Ännere vun der Sëtzpositioun. Déi Aart a Wéis wéi mir eis dohinner sëtzen, beaflosst eis Psyche. An dobäi kënnt, dass Beweegung Gléckshormoner fräisetzt. Och wann et just e bëssen ass, alles ass besser wéi e puer Stonnen um Stéck an eng an der selwechter Positioun ze bléiwen.

E weideren Tipp ass fir och richteg a Beweegung ze kommen. Do kann ee sech zum Beispill e Glas Waasser siche goen oder eng Kéier ronderëm den Dësch trëppelen. Et kann een sech awer och strecken. Dat kënnt am Büro op der Aarbecht warscheinlech éischter manner gutt un, mee fir déi, déi den Ament am Home Office setzen, dierft dat jo kee stéieren.

Ënnert Ergonome géif et esou eng Fauschtreegel ginn. 40-15-5, dat heescht, schafft een zum Beispill 60 Minutten. Da sollten dovunner 40 dem dynamesche Sëtze virbehale sinn. 15 Minutte soll een da wierklech am Stoe schaffen, an déi 5 aner Minutten huele fir ze goen an sech aktiv ze beweegen.