Ëmmer erëm zirkuléiere sougenannte Fake News an de sozialen Netzwierker. Dass déi awer net ëmmer nëmme musse negativ sinn, huet d'Nicky Soisson fir iech nogesicht.

27032020 Fake News mussen net emmer beis sinn

Tëscht all de Noriichten iwwer ëmmer méi COVID-19 Fäll, Ausgangsspären an Enkpäss bei medezineschem Material gouf et an de leschte Wochen och e puer gutt News: Schwanen an Delfinen sinn an déi verloosse Kanäl vu Venedeg zréckkomm. E puer Elefante spadséiere duerch en Duerf a China, hunn do de Wäin eidel gesoff an hire Rausch ausgeschlof.

Dës positiv Meldungen aus Länner, déi de Coronavirus schwéier getraff huet, goufen 100.000ende Mol op Twitter, Instagram a Facebook gedeelt.  Souguer a groussen Onlinemedie gouf doriwwer geschwat.

Schued, dass näischt dovunner stëmmt! 

Déi Schwanen aus dem virale Post si reegelméisseg an de Kanäl vu Burano ze gesinn, enger klenger Insel am Stadgebitt vu Venedeg. Do goufen och déi Fotoe gemaach. Déi, nenne mer se mol, „venezianesch“ Delfine goufen an engem Hafen a Sardinie gefilmt - 100erte Kilometer wäit ewech. Wouhier déi besoffen Elefante kommen, ass awer nach net bekannt. Ma eng chinesesch Noriichtequell hat dëse Post widderluecht: effektiv wiere viru kuerzem Elefanten duerch dat Duerf gelaf, ma dëst wier awer näischt Ongewéinleches. Et wieren och net déi Déieren, déi een op de virale Fotoe gesäit, si haten och keen iwwert den Duuscht gedronk a sech och net op enger Téiplantage veriert. 

Dëse Phenomen verdäitlecht wéi séier sech aussergewéinlech Noriichten, déi och immens positiv kënne sinn, an Zäite vun enger Kris verbreede kennen. Mënschen tendéieren éischter dozou, Saachen an de soziale Medien ze deelen, déi si emotional beréieren. Wa mir eis gestresst fillen, si flott Noriichten a Biller vun Déieren dacks eng Zort Trouscht.

Der Erin Vogel, Sozialpsychologin a Fuerscherin op der Stanford University, no, hätte mir grad elo méi e grousse Besoin no Saachen, déi eis e gutt Gefill ginn. Matten an der Pandemie versichen d'Leit mat engem ageschränkten Alldag, mat ekonomesche Suergen an Isolatioun eens ze ginn.

"Wa mir eis immens eleng fillen, dann ass d'Tentatioun grouss un dëse puer gudde Gefiller festzehalen. D'Virstellung, dass d'Déieren an d'Natur sech duerch déi aktuell Kris erëm erhuele kënnen, kéint eis dobäi hëllefen deem Ganzen eng Bedeitung an en Zweck zouzeschreiwen - dass mir dat alles aus guddem Grond dulden", sou d'Erin Vogel weider. 

Dës falsch Feelgood-Geschichte kënnen awer och dofir suergen, dass d'Leit an enger souwisou komplizéierter Zäit nach méi mësstrauesch ginn. Wann een erausfënnt, dass déi gutt News guer net stemmen, da kann dat een nach méi erofzéien, wéi wann iwwerhaapt net driwwer geschwat gi wier!

Kleng Liichtblécker an de sozial Medie kéinten iwwregens an den nächste Wochen a Méint eng Schlësselroll dobäi spillen déi gutt Laun net ganz ze verléieren. Also deelt och weiderhin witzeg a positiv Saachen, virausgesat se sinn och wouer!