De virtuellen Apero, schonn eppes dovunner mat kritt? Fans vun dësem neie Ritual ginn et der ëmmer méi! Fir si eng Méiglechkeet sech de Kapp vun all deene negativen Andréck fräi ze maachen, Stress ofzebauen an trotz doheem bleiwen déi flott Gewunnechte mat Frënn a Kolleege bäizebehalen. D'Nicky Soisson erkläert.

27032020 Whatsapp Apero NEW

E puer Deeg nodeems et geheescht huet "Bleift doheem", gouf en neit Ritual an d'Liewe geruff: de virtuellen Apero! Fir dëse ganz conviviale Moment ze deelen ass ganz einfach: d'Invitatioun gëtt et a Form vun enger Mail oder engem Message. Um 19 Auer owes dann ass Rdv op Skype, Messenger, FaceTime oder Whatsapp.

Wann een dann déi kleng technesch Probleemer bis geléist huet, da gëllt et just nach d'Freed ze genéissen, mat anere sympatheschen a witzege Leit aus sengem Entourage ze schnëssen an ze laachen.

Ma eng gewësse Preparatioun muss et awer si fir den Apero 2.0: Sech anstänneg undoen fir net grad wéi dee leschte Lompekréimer eriwwer ze kommen, e bëssi Krichsbemolung fir d'Dammen, e gutt Glas Wäin oder e Cocktail ouni Alkohol. Schliisslech soll op mannst dat wat am Glas ass net virtuell sinn. A firwat net och nach eppes ze knabberen, soulaang Dir domadder net méi haart knat wéi déi aner schwätzen.

Natierlech ass d'Qualitéit vum Bild net wierklech immens an d'Connectioun och net ëmmer der Däiwel. Vum miserabelen Toun zum Deel guer net schwätzen. Mee dat schéngt alles zimmlech wurscht ze sinn an dësen Zäiten; Haaptsaach et fillt ee sech grad e bëssi manner isoléiert an et gesäit ee seng Frënn a Famill bougéieren, laachen a schwätzen.

Déi festlech Gewunnechte bäibehalen a sech e wéineg Spaass a Liichtegkeet an dësem dach immens anxiogene Klima, dat ass d'Versprieche vun de sougenannte Skypaperoen, déi sech iwwregens och mol gären an e Face Time Dinner verwandele kënnen.