D'Fluggesellschaft Pan Am huet an der Zäit als Pionéier vun der Loftfaart gegollt. Och wann et se net méi gëtt, ass se dach nach ëmmer Kult an nach op ville Motiver ze gesinn.

30-03-2020-PanAm-17h50

Am Mee vum Joer 1939 huet d'Pan American World Airways d'Loftpost vun den Azoren op Europa assuréiert. 

Et war awer wéi nëmmen eng Transport-Entreprise: déi éischt global Fluggesellschaft, souzesoen eng amerikanesch Ambassadrice déi konnt fléien an d'Verkierperung vum American Dream. 

Och méi wéi e Véierelsjoerhonnert duerno lieft d'Pan Am weider. Als Retro-Design op Poschen, T-Shirten an Tasen. Ale Porzeläin a Glieser aus der First Class mam Logo drop ginn héich gehandelt. Zu Miami gëtt et souguer e Buttek deen Original-Accessoiren vun deemools verkeeft.

Nom Zweete Weltkrich huet d'Pan Am mat der Boeing 377 deen éischte Linnieflug ronderëm d'Welt ugebueden. Vun New York op Paräis a manner wéi 7 Stonnen, domadder gouf Enn de 50er Joren Reklamm gemaach. 

Am Buch "Pan Am: History, Design & Identity" ass elo eng Sammlung vu Pouster a Fotoen ze gesinn déi d'Geschicht vun der Pan Am op 432 Säiten dokumentéiert.

Am Joer 2011 an 2012 ass op der amerikanescher Chaîne ABC eng Serie iwwer d'Pan Am gelaf.

Nei Konkurrenz op internationale Strecken maachen der Pan Am d'Liewen schwéier. Derbäi kënnt dann och nach d'Terrorattack iwwer Lockerbie an engem vun hiren Jumboen am Joer 1988. 1991 ass d'Pan Am faillite gaangen.