Frësch Loft deet gutt, als kleng Ofwiesslung am Alldag oder fir d'Laun ze verbesseren, an ass och gutt fir d'Gesondheet. Fir dass d'Loft dann och esou frësch ass, si Beem a Planze responsabel, déi jo Co2 a Sauerstoff ëmwandelen. Also praktesch d'Long vum Planéit sinn. Ma och am Raum solle Planzen hiren Deel fir eng gutt Loftqualitéit bäidroen. Wéi eng Planzen dat sinn an wat et domadder op sech huet, Lea Schwartz.

31032020 Zemmerplanze fir dLoft ze filteren

Vill Leit verbréngen den Ament ganz vill Zäit dobannen, méi wéi een dat vläicht gewinnt ass. Ma och esou géife vill erwuesse Leit e groussen Deel vun hirem Liewen a zouene Raim verbréngen. Doheem, um Büro, an der Sportshal, am Fitness, am Restaurant oder wou et ee soss nach sou am Alldag verschléit.
Dobäi ass d'Loftqualitéit net ëmmer optimal an zouene Raim.
Dat léit dorunner, dass eventuell do Miwwele sinn, déi behandelt sinn a Schuedstoffer ausdënsten, fréier eventuell do gefëmmt gouf, awer och verschidde Pechen, Lacker oder Faarwen enthale Stoffer, déi net ganz gutt fir eis Gesondheet sinn. Am Prinzip ass dat jo kee Problem, verbrénge mir awer laang Zäit an engem Raum wou esou Schuedstoffer ausgedënst ginn, kann dat op Dauer net ganz gesond sinn.
Et gëtt da souguer vum Sick-Building Syndrom geschwat.

Ma Zëmmerplanze sollen d'Léisung sinn. Dat seet eng Etüd vun der Nasa; déi wëll nämlech erausfannen, wéi si déi optimal Loftqualitéit fir hir Astronaute kënne kréien. Ëmmerhi liewen déi jo fir eng laang Zäit op enkem Raum. Dofir hunn se verschidde Planzen extreme Situatioun ausgesat a gekuckt wéi eng dann déi meeschte schiedlech Stoffer aus der Loft kréien. Getest goufe Formaldehyd, dat ass a verschiddenen Holzzorten oder am Zigarettendamp dran. An dat kann dofir suergen, dass d'Aen an d'Otemweeër gereizt sinn. Dann gouf och nach Benzol getest. Dat kënnt a Faarwen oder Uelege vir. Deen ass awer héich kriibserreegend an zanter ville Joren eigentlech verbueden oder ersat ginn duerch aner Produiten. An als lescht gouf Ammoniak getest. Dat kennt ee virun allem aus dem Dünger, ma et soll och a verschiddene Botzmëttel dra sinn.

Den Efeu huet do am beschten ofgeschnidden. D'Planz, déi selwer gëfteg ass, konnt a 24 Stonnen 90 Prozent vum Benzol ofbauen. An och aner schiedlech Stoffer waren duerno manner an der Loft. Virun allem ëmmergréng exotesch Planze konnte gutt ofschneiden am Test. Friddenslilien, Schwéiermammszongen oder Ficusen zum Beispill.

© pixabay.com

Spathiphyllum - Friddenslilien

© pixabay.com

Sansevieria - Schwéiermammenzong

Ma och esou stinn d'Planzen am Ruff fir eng besser Loftqualitéit ze suergen. An dobäi gesinn si dann och nach ganz flott aus. Virausgesat et huet een net vergiess se ze netzen.