Geet et iech och grad esou? Dir sëtzt doheem, hutt grad eigentlech gutt giess, ma eng Stonn méi spéit an den Honger ass nees do. Eigentlech ass de Mo awer nach gutt gefëllt an Dir sidd och net wierklech hongreg. Et ginn e puer Ursaachen dofir.

2020 Ëmmer Honger an der Quarantän

Honger ka vill Ursaachen hunn. Ësst een allerdéngs reegelméisseg, dann dierft een dat Gefill net all ze dacks kréien. Huet een awer d'Impressioun et hätt een andauernd Honger, dann kann et zum Beispill sinn, dass Äre Kierper a Wierklechkeet duuschtreg ass. Et kënnt nämlech net vun ongeféier, dass een iwwert den Dag verdeelt genuch drénken soll. Kritt de Kierper d'Gefill net genuch Waasser ze kréien, da sëtzt en och scho mol gär d'Hongergefill dofir a fir hydratéiert ze bleiwen. Dofir: Besser iwwert den Dag verdeelt genuch drénken an en plus kann ee Glas Waasser och Är Laun verbesseren.

Meeschtens gëtt een och méi séier hongreg, wann engem langweileg ass. Well een eben grad näischt Besseres ze dinn huet. Ma do heescht d'Devise dann: Oflenkung. Wéi wier et da mol mat engem klengen Online-Training oder wier et net mol nees un der Zäit d'Buedzëmmer ze botzen. An Dir wäert gesinn, wéi séier den Honger - deen, si mer mol éierlech guer keen ass - verschwannen wäert.

An och wann déi néideg Routine feelt, kéint een éischter a méi séier hongreg ginn. Wichteg ass et de Kierper u fest Auerzäiten ze gewinne wéini en ze iesse kritt. Domadder kéint een och Hongerattacken tëschent de Moolzechten vermeiden.

A wien midd ass, deen ass och automatesch méi hongreg. Dem Kierper feelt et un Energie, wann en net genuch geschlof huet an déi kompenséiert en dann duerch d'Energie, déi en duerch d'Iessen ophëlt. A wann een dann nach eppes Séisses ësst, gëtt d'Situatioun nach méi schlëmm, well doduercher de Bluttzocker rasant eropgeet a genee sou séier nees fält. Wat dozou féiert, dass een nees méi Honger kritt.

Och Stress kann Honger ausléisen, dofir probéiert dat sou gutt et geet ze vermeiden.
An zu gudder Läscht: Iesst bewosst! Wëll heeschen: Sëtzt Iech un den Dësch fir ze iessen a loosst Iech net vun der Tëlee oder vun der Aarbecht oflenken.