D'Lëtzebuerger hale grad gutt zesummen, hëllefe sech géigesäiteg duerch eng jett Solidaritéitsaktiounen an halen sech och un dat wat eis Regierung recommandéiert a bleiwe, sou wäit et méiglech ass, doheem. Esou versiche mir, déi extrem séier Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen an deene Leit, déi am Gesondheetssystem schaffen, d'Méiglechkeet ze ginn Zäit ze gewannen. Zäit, déi Dokteren an Infirmieren dréngend brauche fir déi Leit anstänneg versuergen ze kënnen, déi de Virus am stäerkste getraff huet. Nicky Soisson.

31032020 Phsical Distancing ass net emmer easy

Fir dëst Ziel ze erreechen, musse grad ganz vill Leit op ville Plazen an der Welt op ganz villes verzichten, ënnert anerem op de soziale Kontakt mat Frënn, Famill an Aarbechtskolleegen. Deenen enge fält dat sécher méi liicht wéi deenen aneren. Fir déi, déi net gären eleng bleiwen, ass dës Isolatioun immens ustrengend an eng Partie ënnert eis froe sech sou lues, wéi laang se dësen Entzuch un tëschemënschlechem Kontakt nach aushalen.
Net méi laang, wann een dem Joachim Bauer, Professer fir Psychoneuroimmunologie gleeft. Hie beschäftegt sech mat de Wiesselwierkungen tëscht der Psyche, dem Nervesystem an dem Immunsystem a mat der Fro wéi sozial Erfarungen sech op d'Funktioun vum Gehier auswierken. 

De Berliner Professer ass zwar mat den aktuelle Mesure géint d'Verbreede vum Corona-Virus averstane, mee e warnt awer virdrun se laangfristeg anzesetzen. De Kontakt zu sengem Entourage sou staark erofzeschrauwen an déi total Isolatioun vun deenen déi a Quarantänn sinn, hätte sozialpsychologesch gesinn zimmlech schlëmm Konsequenzen. 

Ugefaange mam Motivatiounsverloscht. Soziale Kontakt aktivéiert d'Motivatiounssystemer am Gehier. Gi Mënschen isoléiert, da fueren dës Systemer hier Aktivitéit erof. Et gi manner Dopamin an Endorphinnen ausgeschott. Ma genee déi halen eis fit a monter a suergen dofir, dass mir Freed am Liewen hunn. Wann d'Gehier op Grond vum Elengsinn iergendwann iwwerhaapt keen Dopamin méi ausschëtt, da gerode betraffe Leit an en depressiven Zoustand. 

Wee sozial isoléiert ass, gëtt iwwregens a ville Fäll méi empfindlech fir kierperlech Péng. Dat hunn divers Etüde gewisen. Wa Mënschen isoléiert sinn, déi bis elo scho wéi haten, da kënnen dës sech duerch d'Elengsi verstäerken. A wie bis elo keng Péng hat, dee kann erliewen, dass duerch d'Isolatioun op eemol kierperlech Problemer optrieden déi se virdru net haten, sou de Bauer weider.

Dobäi kennt nach, an dat betrëfft wuel grad jiddereen, wann och net onbedéngt am selwechten Ausmooss:  An der sozialer Isolatioun gëtt Cortisol verstäerkt ausgeschott. Dëst Stresshormon kann zu Angschtzoustänn a Schlofprobleemer féieren. Den erhéichte Cortison-Peegel, zesumme mat ze wéineg Dopamin féiert dann och zum 4. Problem. Den Immunsystem gëtt méi schwaach an dat bréngt da Krankheet mat sech.

Aus all dëse komplexe neurophysiologeschen Zesummenhäng kënnt den däitsche Professer op en einfache Schluss: Mënschen ouni Kontakt kënne krank, depressiv an aggressiv ginn.

Och wann de Joachim Bauer generell vläicht Recht huet mat deem wat e seet, sou muss een dat awer an dëser aktueller Situatioun relativiséieren. Mir sinn eis bewosst wat um Spill steet, an ze wëssen, dass mir net eleng eleng doheem sinn, gëtt eis e Gefill vun Zesummenhalt a Responsabilitéit, wat et méi einfach mécht dofir Sacrificen ze maachen.