Och fir de leschten Dag vum Mäerz gëtt et d'Méiglechkeet eppes "virtuell" z'ënnerhuelen.

Am Kader vun de Crazy Quarantine Sessions ass et den Owend un der 9. Editioun, vun 21:00 un ass et haut um Pascal Useldinger. Dee kënnt een eventuell nach aus Defdump-Zäiten. Den Usel war de Sänger bei der Lëtzebuerger Hardcore-Band.

A bei Maskénada gëtt et den Owend klassesch. De Solobraatschist Ilan Schneider spillt Solomusek vum Johann Sebastian Bach vun doheem aus. Hei geet et um 20:00 lass.