An Zäite vu Social Distancing gräife mir jo gären op digital Hëllefsmëttel zeréck. Iwwer Videokonferenzen an Sozial Medie bléiwe mir am enke Kontakt mat eise Léifsten. Et muss awer net ëmmer de Wee iwwert de Computer sinn. Iwwerall op der Welt gesäit een elo Léit déi trotz Ofstand halen an doheem bléiwen, Méiglechkeete fanne fir mateneen ze kommunizéieren. Wéi kreativ, verschiddener do sinn, weess d'Lea Schwartz.

09042020 Analog Kommunikatioun a Corona Zaiten

Et ware Videoen, déi ronderëm d'Welt gaange sinn. Leit, déi op hire Balcone stoungen an zesumme gesongen hunn. Dat war an Italien, wéi si schonn am Lockdown waren an de Rescht vun der Welt nach net esou betraff war. Léit, déi sech virdru vläicht just eng Hausdier gedeelt hunn an sech heiansdo mol iwwert de Wee gelaf sinn, hunn sou zesumme fonnt. Trotz Ofstand halen an ouni digital Hëllefsmëttel.

Ma den enke Kontakt mat anere Léit ass den Ament net erlaabt. Trotzdeem kënne mir Informatiounen austauschen, Zäit matenee verbréngen an Empathie ausdrécken. Op eng mol méi a mol manner kreativ Manéier.
Sou ginn et Beispiller vu klénge Stännercher a Concerten ënner Nopere mëttlerweil net nëmmen an Italien. Ma an Däitschland huet souguer ee seng Noperen zu enger Feiershow agelueden. Iwwert en Ziedel am Trapenhaus war jiddereen agelueden duerch seng Fënster nozekucken.

Anerer notze ganz klassesch Ziedele fir sech matzedeelen. Dat kann, muss awer net ëmmer positiv sinn. Sou kann ee sech och emol iwwer d'Noperen opreegen. Muss ee just hoffen, dass dann och déi richteg Persounen de Message liesen.

Mat esou Ziedele kann een awer ganz positiv Effekter erreechen. Wann et zum Beispill de But huet, ganz frieme Leit e Laachen op d'Gesicht ze zauberen. Den Instagramaccount "notes of corona" sammelt esou Messagen a post se op senger Säit.

Wéi ee positiv Zeechen an d'Welt erausschéckt, fir jiddereen deen zoufälleg grad do ass an et vläicht grad brauch, gouf an engem Bürosgebai zu Berlin um Alexanderplatz gewisen. Sou hätt sech e ganzt Gebai zesummegedoen an d'Luuchten esou ugemaach, dass just verschidde Fënster erliicht waren; raus komm ass dunn een Häerz a Form vu Luuchten.

An Amerika a Michigan gëtt iwwer Kanner geschriwwen, déi hir Zeechnung an d'Fënstere peche fir deene Léit dobaussen, déi nach schaffen, Courage ze maachen. An Australien waren et och Kanner, déi mat Kräidmolereie Merci gesot hunn. Dem Fleegepersonal an all deenen aneren. Och hei zu Lëtzebuerg gouf et vill androcksvoll Beispiller dovunner, wéi d'Leit Merci gesot hunn. Sief et den alldeegleche Rendezvous um Balcon fir ze klappen, d'Schreiwen an d'Mole vu Schëlder an Ziedelen.

Mir sinn zwar alleguerte gebieden ënnert eis ze bléiwen. Ma eleng si mir net. Mat esou klenge Messagen a Gesten, déi een iwwerall gesäit, gëtt engem dat bewosst. An domadder erreecht een och déi Leit, déi ee vläicht nach net sou gutt kennt.