Zanter der leschter Woch gëllt Maskepflicht. Dat heescht wann een sech an der Ëffentlechkeet no bei de Leit beweegt, soll de Mondberäich bedeckt sinn. Dat mécht et awer och méi schwéier de Géigeniwwer ze verstoen. An dat leit net nëmmen dorunner, dass eis Stëmm méi onkloer ass, mee och well e gudden Deel vun eisem Gesiicht net ze gesinn an eis Mimik sou verstoppt ass. An dobäi ass grad de Mond ganz wichteg fir ze kommunizéieren. Wéi ee sech trotz Mask verständlech ausdrécke kann, doriwwer huet sech d'Lea Schwartz fir eis informéiert.

28042020 Mask a Mimik RICHTEG

E Laachen, e Zucke mam Mond, Aperhoer, déi eropgezu ginn - mir maachen et ganz onbewosst, mee d'Mimik also eise Gesiichtsausdrock mécht e groussen Deel vun eiser Kommunikatioun aus. Et gëtt geschat, dass Mënschen 65 bis 90 Prozent nonverbal kommunizéieren. Dat heescht mat hirer Kierperhaltung, Gesten an Ausdrock vum Gesiicht vermëttelt ee grad esou e Message, wéi mat de Wieder selwer. Et geet an engem Gespréich also manner dorëms wat ee seet, mee vill méi wéi een et seet.

Virun allem de Mond spillt an der Mimik eng grouss Roll. Et ass de beweeglechsten Deel vun eisem Gesiicht. Wa mir engem nolauschteren, fixéiere mir eis op 3 Punkten am Gesiicht. Well mir net an déi zwee Ae matenee kucke kënnen, wiessele mir eis of. Mol kucke mir an dat lénkst, mol an dat rietst A. Den 3. Punkt ass de Mond. Mir lauschteren d'Wierder nämlech net just, mee liesen si zum Deel och op de Lëpse mat. Dofir fält et och direkt op wann, zum Beispill an engem Video d'Bild an den Toun zäitversat sinn. D'Lëpsen sech also anescht beweegen, wéi dat wat mir héieren.

Ouni de Mond kann ee méi streng wierken. Mir gesinn da just d'Partie vum Aen, an déi huet ouni Mond een éischter steiwen Ausdrock. Och Laachen ass mat enger Mask méi schwéier. Dobäi kann e Laachen am Gespréich Sympathien iwwermëttelen, Héiflechkeet ausdrécken oder och einfach d'Pick aus dem Gesote raushuelen. Gesi mir normalerweis eng Persoun laachen, verbanne mir dat automatesch mat engem positive Gefill. Dat ass an eis genetesch verankert. E Gesiicht wat laacht, ass ongeféierlech, de Mënsch well eis also näischt Schlechtes. Wa mir de Mond awer guer net gesinn, feelt eis déi Informatioun a mir mussen eis am Gespréich méi op déi aner Geste verloossen.

Wann d'Hallschent vun eisem Gesiicht bedeckt ass, kënne gäre Mëssstänn entstoen. Mat deem Wëssen, kann ee probéiere méi däitlech ze soen, wat ee mengt. Oder ëmgedréit net ze fäerten nozefroe wéi eppes gemengt ass. Et kann een awer och probéiere méi bewosst aner Gesten anzesetzen. Zum Beispill d'Hänn oder d'Aperhoer. Och déi si beweeglech a kënnen eis hëllefen net ausgeschwate Gefiller eriwwer ze bréngen.

Fir trotz der Mask e klengt Laachen ze weisen, soll ee probéieren dat méi extreem ze maachen. Amplaz méi dacks e klengt Laachen, dat ënnert der Mask komplett verschwënnt, kann ee probéiere mam ganze Gesiicht ze laachen. Dat heescht d'Mondwénkelen esou eropzéie bis ee kleng Fale beim A gesäit. Dann ass eist d'Laache wéinstens net fir näischt.