Wat dem Ludwig van Beethoven selwer net méi gegléckt war, dat hu Musekswëssenschaftler a Komponisten elo mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz an engem Algorithmus versicht. Nämlech seng 10. Sinfonie, déi ni fäerdeg gestallt gouf, Michèle Schons?

2904042020 Beethoven dei Zengt

Eigentlech sollt se elo Enn Abrëll scho presentéiert ginn, d'Uropféierung ass awer Virusbedéngt op den November verréckelt ginn.

Dëst Joer gëtt den 250ten Anniversaire vum Komponist gefeiert, dee 1770 zu Bonn op d'Welt koum. Dowéinst war och eng grouss Beethoven-Ausstellung an der Bundeskunsthalle, déi och de 14. Mäerz huet missten hir Dieren zoumaachen.

De Beethoven hat fir seng 10. Sinfonie nëmmen e puer wéineg Skizzen op der Hand geschriwwen an hannerlooss an zanter dem leschte Joer schafft hei en internationaalt Team aus Musekswëssenschaftler, Komponisten a Computer Experten drun, fir dat Wierk fäerdeg ze kréien. Si hu versicht de musikaleschen Universum an deem de Beethove geschwieft huet ze rekonstruéieren, an do sinn dann och Impulser a Stécker vun anere Komponiste mat agefloss. Si probéieren den Algorithmus esou ze trainéieren, dass en déi vill Passagen déi feelen ergänzt.

Wat dobäi erauskéim wosst keen esou richteg, well deen Algorithmus onberechenbar ass an all Dag op en Neits iwwerrascht, esou de Matthias Röder, Direkter vum Karajan Institut zu Salzburg. Et misst een sech dat Ganzt virstellen, wéi e Kand wat d'Welt vum Beethoven entdeckt.

Um Enn sollen zwee Sätz mat enger Gesamtlängt vun 20-25 Minutten ze héiere sinn, an sollen dann am November am Kader vun engem Concert mam Beethoven-Orchester ënnert der Leedung vum Dirigent Dirk Kaftan uropgefouert ginn.

Als Hommage un de Beethoven hat de franséische Komponist Pierre Henry scho viru 40 Joer eng 10t Sinfonie virgestallt - eng Aart Collage vum Beethoven sengen 9 Sinfonien.

Et gouf iwwregens scho méi dacks versicht fir esou Sinfonien op en Enn ze bréngen a mam Computer fäerdeg ze komponéieren, wéi zum Beispill och déi berüümten 8t Sinfonie vum Schubert, déi de chinesesche Smartphoneproduzent Huawei lescht Joer ëmgesat, an zu London presentéiert hat.