Gläich ass et bei eis nees souwäit: d'Äerdbierszäit fänkt nees un! D'Saison an eise Géigende geet effektiv elo am Mee un an dauert bis an de Juli eran. Ma déi séiss Äerdbiere schmaachen net nëmme gutt mee sinn och nach gesond. Alles wat een iwwert dëst beléifte rout Uebst wësse soll, huet d'Nicky Soisson fir iech nogesicht. 

30042020 Wat een alles zu den Aerdbiere wesse kann

Vun den Äerdbiere kënnen déi meescht guer net genuch kréien well se schmaachen immens gutt a sinn dat ideaalt Uebst fir schlank ze bleiwen. Dat gëllt natierlech nëmmen esou laang wéi een se net an Zocker oder Schlagsan daucht. Am beschten ass et, se einfach sou ze genéissen oder soss ebe mat Jughurt an e bëssi Hunneg ze vermëschen. Da sinn Äerdbiere net nëmmen e volle Genoss, mee bidden och nach e wäertvollen Apport zu enger gesonder Ernierung.

Déi rout Friichten si voll mat wichtegen Inhaltsstoffer an dat obwuel se aus 90% Waasser bestinn. Déi aner 10% hunn et allerdéngs a sech! 100 Gramm Äerdbier hu méi Vitaminn C wéi Orangen. Dëse verstäerkt wéinst der antioxidativer Wierkung den Immunsystem, bënnt fräi Radikaler am Kierper a schützt Kierperzelle viru Schied. Sou gëtt net nëmmen d'Gesondheet mee och d'Haut gestäerkt a bleift méi laang jonk a frësch.

Ma net nëmmen dat! D'Experte fir d'Ernierung setze se wéinst hirem héijen Undeel u Folsaier an Eisen gäre géint Bluttaarmut an. Kalium a Magnesium stäerken d'Häerz, secondaire Planzestoffer aus der Grupp vun de Phenolseiere schütze viru Kriibs a verhënneren Arteriosklerose. A last but not least, ass och nach Salicylseier dran, déi Giicht a Rheuma reduzéiert.

D'Kuelenhydrater an enger Äerdbier besti bal zur Hallschent aus einfacher Fruktos, wat dozou bäidréit, dass dës Fruucht e relativ niddrege Glycemiewäert vun 30 bis 40 huet an domat verhënnert dass de Bluttzockerspigel séier an d'Luucht schéisst.
Zousätzlech hunn Äerdbieren och vill Ballaststoffer. Dës sinn net verdaulech, besetzen dohier keen Energiewäert fir de Kierper an ënnerstëtzen eng gesond Aktivitéit vum Daarm.

Wéinst hirem héijen Undeel u Waasser sinn Äerdbier awer empfindlech op Drock, liicht verdierflech a verléiere séier hiren Aroma. Dofir sollt ee beim Transport a beim Lagere vun dësem Uebst gutt oppassen. 

Ma och beim Wäschen heescht et oppassen, well do gëtt et méi wéi ee Feeler deen dacks gemaach gëtt!
Vill Leit halen d'Äerdbieren ënnert de Krunn fir se ze wäschen. Ma deen haarde Waasserstral kann déi empfindlech Haut blesséieren, wat d'Bieren potentiell opweeche léisst a souwuel den Aroma wéi och d'Närstoffer aus de Friichten ausschwemme kann. Besser ass et, se kuerz a kaalt Waasser ze dauchen a se dono mat engem Duch virsiichteg ze dréchnen. Ganz wichteg ass et och se ze wäschen éier dir de grénge Stil uewen ewechschneit, well soss weechen se nach vill éischter op a verléiere séier u Goût a Vitaminnen.

Zu gudder Lescht ass et keng gutt Iddi, déi well gewäschen Äerdbieren zréck an de Frigo ze leen. Nom Wäschen halen se sech net méi sou laang wéi virdrun.