Denkt een un Iessen, wat glécklech mécht, dann ass dat wuel bei ville Leit gäre mol de Schockela, d'Chipsen an all déi ongesond Schneekegkeeten. Ma dat sinn awer net déi Liewensmëttel, déi ass op Dauer glécklech maache géifen. Wéi eng Iesssaachen dat kéinte sinn, weess d'Lea Schwartz.

0402020 Iessen dat glecklech mecht

Wat mir iessen ass de Bensin fir eise Kierper an huet en Afloss op eis kierperlech Gesondheet, ma net just. D'Mayo Klinik mat Sëtz an den USA mécht ënner anerem medezinesch Recherchen. Si hunn eng Verbindung mat Iessen an der mënschlecher Psysch festgestallt.

Sou kéinten zum Beispill Liewensmëttel mat vill Omega-3 Fettsaieren eist d'Wuelbefanne positiv beaflossen. Dat läit dorunner, dass déi Fettsaiere mathëllefe fir Gléckshormoner wéi Dopamin ze produzéieren. Eise Kierper kann déi net selwer hierstellen, dofir si mir dorop ugewise genuch Omega-3 Fettsaieren iwwert eis Ernärung opzehuelen. An dee fënnt ee virun allem am Fësch, a Nëss, an héichwäertegen Ueleger, verschiddene Geméiszorte an zum Beispill och an der Avocado.

Och Eewäissquelle wéi Bounen, Lënsen oder Eeër géifen zu de Liewensmëttel gehéieren, déi eis glécklech maachen. An dat läit dorunner, dass si de Serotonin am Kierper an der Balance halen. Serotonin ass eng Aart Wuelfillhormon a kann eis Laun beaflossen.

E bëssen anescht ass et beim Fleesch. Och hei ass vill Eewäiss dran. Wann et awer ze vill verschafft ass, wéi et dacks bei Fäerdegprodukter de Fall ass, si vill Nitrater dran. Dat si Salzer an déi kënnen sech negativ op eis Laun auswierken.  Si kéinte souguer am schlëmmste Fall op Dauer psychesch Krankheeten ausléisen.

Ma wéi ass et dann elo mam Schockela? Dee mécht dach glécklech, och wann en eigentlech net als gesond gëllt, oder? Effectif sinn an der Kakaosboun Stoffer dran, déi esou wéi den Eewäiss de Serotonin an domadder eis Laun verbessere kënnen. Déi sinn awer sou geréng, dass et keen Ënnerscheed mécht. Vill méi spréngt beim Schockelaiessen eist Belounungssystem am Gehier un. Do ginn och Gléckshormoner fräigesat. An dat mécht, dass mir fir de kuerze Genoss dann och glécklech sinn. Zwar just fir eng kuerz Zäit, ma et dierf also fir déi Opmonterung tëschenduerch da gären emol dat sinn, wat ee sech gäre mol sou gënnt.