Den Homeoffice bedeit fir vill Leit an engem Provisorium ze sëtzen. Suitten dovu kënne Problemer mam Réck oder mat den Ae sinn. Experte rechnen awer net domat dass dat Auswierkungen op de Rescht vum Liewen huet.

05-05-2020 Wéi de Kierper am Homeoffice leit

De Bernd Kladny ass stellvertriedene Generalsekretär vun der Deutscher Gesellschaft für Orthopädie und Unfallchirurgie. Hien behaapt dass ee keng Angscht muss hunn, a long Term Problemer mam Réck ze kréien, nëmme well een de Moment keng optimal Aarbechtsplaz-Konditiounen huet.
Och ëm seng Ae brauch ee sech keng Suergen ze maachen.

Vill Leit sëtze beim Kichendësch am Kannerzëmmer oder hunn sech aner Saachen als Homeoffice zesummegebaut.
Et solle souguer Leit ginn déi e Streckbriet als Büro hunn.

Wichteg ass och eng gutt Luucht an déi passend Distanz zu de Bildschiermer. Ass dat net ginn, hunn d'Aen eng gewësse Belaaschtung mat där se mussen eens ginn.
Wien méi ugespaant op den Ecran stuerkt, dee kritt mat dréchnen Aen ze dinn. Dreschen, Midd oder souguer rout Ae kritt ee wann een ze laang virum Computer sëtzt. Stëmme Konditiounen net, da kann dat ganzt sech verstäerken.
Ma well den Homeoffice awer zäitlech limitéiert ass an näischt fir ëmmer ass kann een de Fuerscher no dovun ausgoen dass dat sech séier erëm normaliséiert.

Wat Péng am Réck ugeet, sou soll ee sech reegelméisseg beweegen. Dertëscht mol opstoen e puer Meter goen, dat dréit scho mol dozou bäi, dass ee sech op mannst mol kierperlech e bëssen entspane kann.