Dat ass bannent Sekonnen méiglech. Small Talk ass eng kommunikativ Konscht duerch déi een op säi Géigeniwwer charismatesch a charmant wierkt. Eppes wat vill Diere kann opmaachen, och am Beruffsliewen. A Corona-Zäiten natierlech mat deem néidegen Ofstand.

06/05/2020 Sympathesch eriwwer kommen

Small Talk ass eng kommunikativ Konscht duerch déi een op säi Géigeniwwer charismatesch a charmant wierkt. An Amerika gehéiert et dozou, dass ee sech Komplimenter mécht. Natierlech muss ee säi Courage zesummen huelen an oppe sinn, mä domadder ass d'Äis séier gebrach an den Ufank fir e gutt Gespréich gemaach. Dono stellt ee sech vir.

E bekannte brittesche Politiker sot emol eng Kéier et soll ee mat engem Mënsch nëmmen iwwert hie selwer schwätzen, da géif en engem stonnelaang nolauschteren. An effektiv huet sech bei Etüden erauskristalliséiert, dass déi meescht Leit d'Gefill haten e richtegt gutt Gespréich mat engem gefouert ze hunn, wa se selwer am meeschte konnte schwätzen.  Froen, déi ee mat Jo oder Nee beäntwere kann, funktionéiere net. De Gespréichspartner muss aus der Reserv gelackelt ginn.

© Pixabay

E Konzept fir e gutt Gespréich ass "S.T.I.L". Mat engem Beispill:
S ewéi Situatioun: "Wéi gefält et Iech bis ewell? "
T ewéi Talent: "Wat schafft Dir?"
I ewéi Interessen: "Wat maacht Dir gären an Ärer Fräizäit?"
L ewéi Liewen: "Vu wou sidd Dir ?" etc

Kleng Confirmatiounen ewéi 'aha', 'jo' oder 'intressant' halen d'Gespréich um Lafen. Dat ass awer nëmmen en Ufank. Eng Grondreegel vun der Konversatioun ass et, jidderengem esou entgéint ze trieden, wéi wann een e scho méi laang géing kennen oder him op mannst emol schonn eng Kéier begéint wier. Äert Géigeniwwer fillt sech doduerch direkt méi wuel. Och wann Der Ae-Kontakt haalt.

© Pixabay

Am Beruffsliewen sollt een zu all Ament amstand sinn e positiven Androck ze hannerloossen, egal ob ee mam Chef am Lift ënnerwee ass oder mat Kolleegen am Konferenzraum setzt. Och beim Patron gëllt: loosst e vill iwwer sech zielen a sidd op Géigefroen gefaasst. Dobäi braucht Der net fuerchtbar intellektuell eriwwerkommen, mä charmant.

Wann Der trotz alle Beméiunge mierkt, dass et mam Small Talk awer net klappe wëllt, sollt Der deem am Beschten héiflech en Enn setzen. Begrënnungen sinn op der Säit ze loossen. Keng Excusen, léiwer esou e Saz hannendrun ewéi: 'Et huet mech gefreet, mir gesinn eis jo bestëmmt nach'. Awer oppassen: net all déi Tricken klappen a Konferenz-Appen, eppes wat mer den Ament jo vill am Gebrauch hunn.