Mat an d'Vakanz fueren oder fléien dëst Joer ass sou eng Saach. Wéi soll dat goen? Mol ofwaarden! An awer dreeme kann ee jo awer. Oder schonn s plangen? Inspiratioun am Internet gëtt et genuch, Marie Gales.

05052020 Virtuell reesen an Coronazaiten

Virfreed ass jo déi schéinste Freed. Also kann ee sech elo besonnesch laang op seng nächst Vakanz freeën an awer schonns virtuell verreesen.

Sou munch Destinatioun léisst sech och besonnesch vill afale fir d'virtuell Vacanciere bei Laun ze halen.

Zum Beispill d'Färöer, déi kleng Inselgrupp am Atlantik, lackelt mat enger besonnescher Offer: User kënne via Smartphone, Tablet oder PC e reellen Tourguide mat enger Kamera u sengem Kapp aktiv duerch déi rau Landschaft schécken – quasi wéi en Avatar an engem Videospill. 'Remote Tourism' nennt een dat, Tourismus per Fernsteierung. Esouguer e Vol mat Helikopter léisst sech esou dirigéieren. Umelle kënne sech déi Interesséiert op der Tourimus-Internetsäit vun de Färöer. Dat muss jo och geplangt ginn an all User, deen derbäi ass, ka fir eng Minutt d'Kontroll iwwert de Guide kréien.

Eriwwer dann op eng Safari an Afrika. A Südafrika offréiert d'Hotelgrupp Andbeyond virtuell Game Drives duerch 4 verschidde Wëlldéiereservaten. De Guide streamt dobäi Observatioune vu Léiwen, Elefanten an Nashörner direkt per Youtube, Instagram a Facebook an d'Stuff op de Kannapee.

An der Schwäiz kann ee virtuell vun der Spëtzt zu der nächster sprangen an op Plattformen eng 360-Grad-Vue op d'Bierger kréien. Och virtuell Touren iwwert d'Gebitt vum Genfer Séi wieren dran. Wat och vill Muséeën zu Lëtzebuerg maachen; spannend virtuell Ronnen duerch d'Ausstellunge kritt een och op villen anere Reesdestinatioune versprach, Hannergrond-Informatiounen inclus. Och Concerten, déi ee soss a senger Vakanz lauschteren a kucke gaange wier, loossen sech online suivéieren.

Ganz Stied kann ee virtuell erliewen. 360-Grad-Panoramaopname ginn et jo schonns méi laang, wéi op 360cities.net. Do kann een zum Beispill den Empire State Building kucke goen oder mat enger Montgolfière duerch d'Wüst vun Namibia fléien.

Och Vakanzenorganisateuren wëlle mat digitaler Inspiratioun net gäizen. Do fënnt een 360-Grad-Videoen vun Nice, Südafrika a Mexiko. Oder et beweegt ee sech virtuell iwwert Croisièren; do kann een da schonns seng Kabinn u Bord genee inspizéieren, wie weess fir eng Croisière an nächster Zukunft.

Mat VR, also Virtual Reality, do wou een och deen extra Brëll undoe muss, léisst sech friem Länner a Plazen och gutt kenne léieren, och wa mir se net hautno erliewen. De Wiener Zukunftsfuerscher Tristan Horx seet, dass domadder eis Reesdreem e bëssi erfëllt kënne ginn an Impulser fir Reesen an der Zukunft kënne gesat ginn. Domadder kéint och d'Loft e bëssi aus dem Reesdram erausgelooss ginn an d'Virstellung ouni CO2-Foussofdrock an ouni eng Ëmweltbelaaschtung an der Welt ënnerwee ze sinn, kéint dach Realitéit ginn.

VR-Apps kéinten Ablécker a Stied an Dramplaze ginn. Mä dat mat deene Brëller wier sou eng Saach an net nonstop ze recommandéieren, déi géifen eist Gehier dach ferm ustrengen.  Dat wier ee vun de Grënn, dass dës VR-Reesen net dee groussen Uklang fonnt hunn.

Och wa se eis elo tréischten all dës Biller a Videoen, d'Komplexitéit vun enger Rees kann domadder net erreecht ginn, seet och den Horx. Dat visuellt Erliewe wie just een Aspekt vu deene villen Andréck vun eise Sënner, déi mir ënnerwee maachen. Interaktioune mat Natur, Kultur an anere Mënschen op der Plaz wiere méi wichteg an déi géife sech an eisem Gehier verankeren.

Iwwregens fir a Reesstëmmung ze kommen, kann een och seng al Fotoe vun de Reese kucken. Mat deene komme richteg Erënnerungen zréck an dëst wier duerch déi beschten Technik net ze toppen.