An der Coronakris hunn d'Fans vum Sport leider net ganz vill ze kucken. Zwee Bridder hunn awer elo mat der sougenannter „Marbula One“ eng Alternativ geschaf. Op Youtube loossen déi Zwee Jicke géintenaner urullen! Wat langweileg a komesch kléngt, suergt awer aktuell fir riseg Begeeschterung, virun allem bei de Sportfans. D'Nicky Soisson mat den Detailer. 

08052020 Jicke sinn nees IN

D'Sportswelt steet wéinst der Coronakris stëll, weltwäit läit de Ball am Schaf. Awer Sonndes owes rullen dofir elo d'Jicken!

D'„Marbula One“ boomt wéinst engem Manktem u sportlechen Alternativen aktuell souguer richteg! Op Youtube ginn dës Jickecoursen mëttlerweil milliounefach geklickt. De Prinzip ass einfach, d'Ëmsetzung héichprofessionell! 

All Weekend dréien d'Jicken aus 16 Ekippen hir Ronnen op de Jickebunnen, déi am Stil vun enger Formel-1-Rennpist opgebaut sinn. Samschdes ass de Qualifying, Sonndes d'Course an et gëtt eng Eenzel- sou wéi eng Ekippewäertung, alles wéi an der richteger Formel 1. 

De Motorsportweltverband FIA huet souguer offiziell den Numm "Marbula One", deen nawell ferm un de Numm "Formula One" erënnert, ofgeseent. Wéinst den Aschränkungen duerch d'Coronakris schléit deen neien Trend och schonn um Marché vun de Sportswetten an. 

Erfonnt gouf d'Jicke-Formel-1 vun 2 Bridder aus Holland: de Jelle Bakker baut d'Bunnen an den Dion féiert de Business. Ze gesinn sinn d'Coursen op hirem Youtube-Kanal „Jelles Marble Runs“, deen an Tëschenzäit iwwer 760.000 Abonnéierter huet. Hir Videoe goufe well méi wéi 60 Millioune Mol opgeruff. 

Och prominent Sponsore sinn an Aussiicht, souguer BMW denkt driwwer no eranzeklammen. De Bakker, dee well déi nächst Course plangt, sot si wieren a Gespréicher mam Autosconstructeur an awer och mat Virgin fir eng Zesummenaarbecht fir d'Marbula E.  Mat der Marble League ginn et ewell weider Jicken-Events, déi sech un Olympeschen Sportaarten orientéieren.

Iwwer Joren ewell hu sech d'Bakker-Bridder en internationaalt Team opgebaut, wéi zum Beispill e Komponist aus Griicheland, deen extra fir si Musek produzéiert an en Designer aus der Belsch. E befrënnte Manager aus Däitschland hëlleft hinnen dobäi, d'Wënsch vun hirer grousser Fan-Base ze erfëllen an eng bekannte Firma aus Italien liwwert hinne Material fir d'Bunnen. 

Ma deen, dee wuel am meeschten zu hirem Succès bäidréit, ass deen zimmlech berüümte Commentateur aus den USA, de Greg Woods.

Rosen ass de Bakker allerdéngs mat de Wettenubidder, well déi Quoten op hir Coursen ubidden ouni si virdru kontaktéiert ze hunn. Bei de Spiller schéngt d'„Marbula One“ allerdéngs anzeschloe wéi eng Bomm. Et gi grad net vill Sportsevenementer an d'Jicke-Coursen maachen hinnen an hire Cliente vill Spaass. Et schéngt wéi wann d'"Marbula One" e weltwäite Phenomen wier. Den Dram vun de Jicke-Bridder kéint sech also elo méi séier erfëlle wéi geduecht. Si wéilte gär eng Welt-Tournée maachen, mat Jicke-Coursen an alle Länner. 

Soulaang wéi d'Corona-Sportspaus unhält, rullt et op jiddwerfalls fir déi 2 Bridder.