Et gëtt der, déi brauchen e Kappkëssen, anerer loossen et an den Déifsten Ecker vum Schaaf verschwannen. A well de Choix vum richtege Kappkëssen dacks wéi eng Lotterie ass, huet Zäitschrëft Öko-Test elo e puer Pillem getest.

08052020 Gutt schlofe mat engem gudde Kappkessen

Eppes war dann och ganz wichteg. Wéi vill Schuedstoffer sinn am Këssen a wéi gutt léist e sech wäschen.
Well een och Nuets schweesst geréit dësen an de Pillem. Da freet Milben, déi sech Patte reiwen a sech mat Freed an e gemittlechen Eck an ärem Këssen zeréck zéien. Dat muss jo net sinn.
Eppes wat dogéint scho mol hëlleft, ass de Këssen op mannst 2 Mol am Joer an d'Wäschmaschinn ze puchen. Leit déi eng Allergie op den Hausstëbbs hunn sollen dat all 3 Méint maachen.
Awer opgepasst! Net all Kësse gehéiert an d'Wäschmaschinn. Meeschtens steet dat drop.
Wann de Pillem awer näischt daacht, dann ass e séier futti. No 10 mol wäsche sinn an de Kësse Verformungen entstanen déi net méi eraus gaange sinn. Anerer si méi kleng ginn nach anerer hunn eraus gesi wéi wa se eng Kësse-Schluecht matgemaach hätten.

Gutt ewechkomm si se awer wat Schuedstoffer ugeet. Just ee Modell ass hei negativ opgefall. An 11 vun 13 Këssen déi eng Fëllung aus Polyester hate waren ze vill léislech Réckstänn vum gëftegen Hallefmetal Antimon.
Dacks gëtt och mat Produiten nogehollef déi de Pillem méi mëll maache sollen. Och si goufe kritiséiert, well se sech bal net ofbauen.

Wien hei alles richteg maach wëll dee soll, Öko-Test no, op e Bio-Woll oder Latex Këssen zeréck gräifen.
Ganz gutt ewech komm sinn d'Produite vun Alnatura, Elza, Grüner Erde, Memo, Öko Planet an och Prolana. Dës kaschten tëscht 45 an 90 Euro.
Iwwer Këssen aus Daunen a Fiedere gouf näischt gemaach. Öko-Test gesäit nämlech d'Hale vun Inten a Gänse kritesch.