D'Tourismusbranche leit wéinst dem Coronavirus. Fir awer nach ze rette wat ze rette kéint sinn, hunn e puer europäesch Länner Pläng fir no der Pandemie d'Vakanzeplaze nees ze fëllen. Kloer vill Länner wéi Spuenien, Frankräich an Italien fir elo just déi ze nennen, liewe vum Tourismus a wann dëst Joer keng Leit kommen, kann ee sech ausmole wéi uerg dat wäert ginn. Sizilien huet do mol eng dach aussergewéinlech Iddi, Marie Gales.

11/05/2020 Sizilien lackelt Vacancieren

Nom Areesstopp soll déi italienesch Regioun d'Hallschent vum Vol wéi och all drëtten Iwwernuechtung am Hotel bezuelen. Dofir géifen dann och Suen bereet gestallt ginn an zwar an Héicht vu 50 Milliounen Euro, heescht et beim Business Insider Italien, dee sech op e Communiqué  vum Manlio Messina, dem Tourismusdirekter vu Sizilien berifft. 400.000 Bonge fir Reduktiounen an och kleng Kaddoe géifen et ginn, wann ee sech trotz der Angscht virum Coronavirus decidéiert, op der Insel Vakanz ze maachen.

Déi Bongen fir beléiften Touristenattraktiounen kréich een op der Internetsäit vum Tourismusbüro „Visit Sicily“, soubal da kloer ass dass een nees Vakanz op Sizilien dierf maachen. Bis elo muss een nach waarden, well bis elo ass net gewosst ob ee reesen dierf oder net.  De Messina hofft, dass dëst am Juli oder August de Fall kéint sinn oder spéitstens am Oktober.

Italien ass mat am stäerkste getraff vum Coronavirus mat immens villen Doudesaffer an natierlech trëfft dës Pandemie d'Land och wirtschaftlech ganz uerg. 13 Prozent vum Bruttoinlandsprodukt kommen an Italien eleng duerch den Tourismus zustanen.

Dat europäescht Land mat der laanger Mëttelmierküst ass iwwerhaapt ganz fläisseg fir no Léisungen ze siche fir dach awer kënnen an hirem schéine Land Vakanz ze maachen. Do goufen schonn s déi Plastik-Boxen fir d'Plage presentéiert, aus Plexiglas an Aluminium, quadratesch, 2 Meter héich a 4,5 Meter breet mat enger Dier. Domadder géint ee den Social Distancing weiderféieren, wann ee sech bei d'Mier wéilt leeën.

Mä Italie steet net eleng mat senger Kreativitéit do fir Touristen unzelackelen. Och aner Mëttelmierlänner sinn op den Zuch opgesprongen. Kroatien zum Beispill soll esouguer iwwert eng Loftbréck fir auslännesch Touristen nodenken mat hirer eegener Airline.

Feelt just nach dat Allerwichtegst, de GO vun offizieller Säit fir an d'Vakanz. Mä wéini dee kënnt, do musse mir eis weider gedëllegen! Bis dohinner einfach weider vun der nächster Vakanz dreemen.

© pixabay.com

A fir den Tourismus am eegene Land ze fërderen, plangt déi italienesch Regierung och e Vakanzebonus auszedeelen, dëst u Famille mat Kanner a mat engem méi niddregem Akommes.