Si hunn hiren Numm net vun ongeféier. Déi asiatesch Rise-Runn, ass 5 mol sou grouss wéi eng normal Hunnegbei an duebel esou grouss wéi eng Harespel, déi mir hei esou kennen. Eigentlech ginn et se just an Asien. Elo sinn si awer déi éischte Kéier och baussent dem Kontinent entdeckt ginn. An zwar an den USA am Bundesstaat Washington. Scho leschten Hierscht goufen déi éischt Exemplaire fonnt. Wat et mat der asiatescher Rise-Runn, och nach als Vespa Mandarinia bekannt, op sech huet, weess d'Lea Schwartz.

07052020 Rise-Runnen

Et gëtt ugeholl, dass si iwwert e Containerschëff an d'USA komm sinn. Si sinn do eigentlech net heemesch an och net gäre gesinn. Well si sinn eng Gefor fir d'Hunnegbeien. D'Rise-Runn selwer ernäert sech gréisstendeels vegetaresch. Fir de Nowuess brauchen si awer méi Eewäiss an dofir joe si och aner Insekten. Dorënner falen dann och d'Hunnegbeien, wat d'Rise-Runn ganz onbeléift bei Beienziichter mécht.

Et gëllt als relativ onwarscheinlech, dass déi grouss Insekten och bei eis op Lëtzebuerg kéinte kommen. An eisem Klima géifen si sech net wuel fillen. D'Viraussetzunge kënne sech awer änneren a mir liewen an enger vernetzter Welt. Och Insekte fannen do séier ee Wee sech och op anere Plaze breet ze maachen.

E Beispill: 2004 ass déi asiatesch Runn, och nach Vespa Velutina genannt an Europa komm. Hei gëllt se als invasiv Aart. Déi huet iwwregens och näischt mat der asiatescher Rise-Runn ze dinn. Ausser, dass si allen zwee aus Asie kommen. Et gëtt ugeholl, dass d'Vespa Velutina iwwert eng chinesesch Vase a Frankräich komm ass. Prinzipiell verbreede sech nei Insektenzorte relativ lues. 14 Joer huet et gedauert bis si a ganz Frankräich ze fanne war. Zu Lëtzebuerg si bis haut nach keng Näschter bekannt.

An den USA probéieren si elo d'Rise-Runn nees lasszeginn. Mat spezielle Sendere wëllen si eenzel Déieren tracéieren, déi si da bei hir Näschter bréngen. Déi Mënschen, déi näischt dovunner kennen, deene gëtt staark ofgeroden op eege Fauscht eppes ze ënnerhuelen. Dat kann nämlech gären no hanne lass goen. Vun der Rise-Runn gepickt ze ginn, géif nämlech ferm wéi doen. Doduerch, dass si esou grouss ass, huet si och méi Gëft. Fir Mënschen ass dat normalerweis net geféierlech, et kann awer en allergesche Schock ausléisen.

Hei zu Lëtzebuerg bréicht een sech den Ament nach keng Suergen iwwert d'Rise-Runn ze maachen. Hei hunn d'Hunnegbeie ganz aner Feinden an dat si virun allem mir Mënschen. Den Asaz vu Pestiziden, Bëtong am Plaz vu Blummen a Monokulturen doen den Insekten net gutt. Dobäi spillt all eenzele vun hinnen eng wichteg Roll am Ökosystem. All Déierchen huet seng Aufgab, och déi, déi eis am Summer iwwert de Kuche wëlle krabbelen.