D'Sportveräiner hunn hir Aktivitéite bis op Weideres agestallt, och Fitnessstudioe sinn nach zou. Do bleift da just Sport doheem ze maachen oder et geet an d'Natur. Vill Leit gräifen do op d'Joggen zeréck. Do ass een an der frëscher Loft, et kann ee sech beweegen a schafft dobäi och nach u senger Konditioun. Sou wäit esou gutt. Bausse begéint een awer och ëmmer vill Leit. Brauch een dann elo eng Mask? Lea Schwartz.

12052020 Jogge mat der Mask

Anescht wéi a villen anere Länner wei zum Beispill Spuenien war et hei a Lëtzebuerg iwwert déi ganz leescht Méint erlaabt Sport dobaussen ze maachen. Och Joggen zielt do derzou. Well och Beweegung ass wichteg fir gesond ze bleiwen.

Am Prinzip soll een d'Mask dann unhu wann een op ëffentleche Plazen ënnerwee ass. Zum Beispill am Supermarché, op der Tankstell oder an der Apdikt. Och d'ëffentlech Verkéiersmëttel zielen do dozou. Iwwerall wou keng 2 Meter Ofstand kënne gehale ginn. Beim Joggen ass ee jo eigentlech eleng ënnerwee. Do dierft et jo kee Probleem sinn.

Elo sinn awer vill Plaze wéi zum Beispill Vëlospiste gutt besicht. Geet ee lafen, begéint ee vill Leit. Et ass ee jo schliisslech net deen eenzegen, dee vun der frëscher Loft wëll profitéieren. Trotzdeem wären Otemmaske fir ze lafen net ze recommandéieren.

Schonn am Alldag ass esou eng Mask net onbedéngt ganz angeneem. Déi physesch Barrière hënnert eis dorunner vill frësch Loft mateneen anzeootmen. Bei enger sportlecher Ustrengung ass dat net gutt. Hei brauch ee vill Sauerstoff fir, dass d'Blutt zirkuléiere kann an eis Organer versuergt sinn.
Op Dauer gëtt dat souguer méi schlëmm. Duerch d'Ootme ginn d'Maske fiicht an et ass méi schwéier duerch eng naass Mask ze ootmen, wéi duerch eng Dréchen. Och hëllefen d'Maske manner wann si bis fiicht sinn.

Als Alternativ gëtt heiansdo dozou geroden, dann en Halsduch/Buff iwwert de Beräich vum Mond a vun der Nues ze zéien. Déi wären manner deck a géifen d'Loft besser duerchloossen. Domadder kéint ee besser ootme beim Sport.

Un der frëscher Loft ass de Risiko sech unzestiechen awer souwisou  geréng, wann een den Ofstand anhält. Deen ass méi wichteg wéi d'Mask. Well och mat Mask ass een net zu 100 Prozent geschützt. Si ass hëllefräich op Plaze wou den Ofstand net kann agehale ginn. Si mir awer dobaussen, hu mir d'Méiglechkeet deen Ofstand anzehalen. Och wann et net ëmmer einfach ass. Zum Beispill kann een awer probéieren op Plazen oder zu Zäiten lafen ze goe wou ee weess, dass manner lass ass. Da kann een net just fräi ootmen, ma et ass och méi einfach säi Rhythmus beim Jogge bäizebehale wann een sech net duerch aner Leit schlängele muss.