Esou wuel dee Wäissen ewéi och dee Rouden. Mir verroden wéi eng Boboen een domadder ewech kritt.

13/05/2020 Tigerbalsam gehéiert an all Stot

Tigerbalsam gëtt gären als Wonnermëttel beschriwwen. De Produit huet eng laang Traditioun a gëtt do schonn zanter iwwert engem Joerhonnert an Asien benotzt fir de Kierper ze fleegen an ze heelen. De Numm kënnt vun deem, deen en erfonnt huet: dat war de Chines Haw Chu King an den 1870er Joren. "Haw" heescht esou vill ewéi "Tiger".

Menthol, Peffermënz, Kampfer, Neelcheskäpp, Cajeput an ätheresch Ueleger- dat ass dat wat am Tigerbalsam dran ass an domadder dierften och d'Amateuren vu Naturproduiten zefridde sinn. Dee wäisse Balsam killt, dee rouden wiermt an reegt d'Duerchbluddung un. Dat läit um Kanéil-Ueleg, deen zousätzlech an der rouder Variant dran ass.

© Pixabay

Den Tigerbalsam hëlleft bei esou munchem Bobo:

- Wann een de Kapp wéi huet. Einfach dees wäissen Tigerbalsam op d'Stier, d'Säiten dovunner an hannert d'Ouere reiwen. Wann ee Symptomer vun enger Migrän huet, soll es och nach an d'Akaul kommen.

© Pixabay

- Wa mer laang um Schreifdësch setzen, dinn d'Genéck an de Réck gäre wéi. Och do kann d'Sallef an den Asaz kommen. Am Beschten déi rout, well se wiermt an d'Muskelen op déi Manéier entspaant. Och d'Sportler kënne vum Tigerbalsam profitéieren: iwwerall wou ee Muskelkater huet, kënnt d'Crème drop. Dat deet gutt an d'Muskelen kommen éischter zou sech.
 
- Gëtt ee vun eppes gepickt, ass dee wäissen Tigerbalsam eng éischt Hëllef. Einfach e bëssen op déi Plaz drop tuppen wou et brennt oder bäisst. Dat killt an hëlt de Bass.

© Pixabay

- Keng Erkältung ouni dat kléngt Dëppchen mam Tiger drop. Wann d'Nues leeft a an een den Houscht huet, deet d'Sallef gutt. Wann een der ënnert d'Nues an op d'Broscht reift, geet de Schläim lass an et kann ee besser ootmen a schlofen. Awer w.e.g net domadder an d'Nues fueren- dat deet wéi an d'Schläimhait gi gereizt.

- Den Tigerbalsam hëlleft och een de Bauch wéi huet. Anstatt eng Boule drop ze leeën, kann een en och mat der rouder Crème areiwen. Dat ass ganz praktesch fir d'Dammen, eemol de Mount, wa se Krämp am Ënnerleif hunn an de ganzen Dag ënnerwee sinn.

© Pixabay

 
Ewéi bei allem gëllt awer och beim Tigerbalsam: Liesen wat um Ziedel steet, deen dobäi läit. Well fir Puppelcher a kleng Kanner kann en esouguer liewensgeféierlech ginn. En ass och näischt fir bei d'Aen an op oppe Wonnen oder en Exzema. Och Allergiker mussen oppassen oder Leit déi am grousse Ganzen sensibel reagéieren.

Fir op Nummer sécher ze goen, einfach ee froen, deen eppes dovunner kennt, ewéi Ären Dokter oder Apdikter.