Hien ass eisen éischten Uspriechpartner, wann et ëm eis Gesondheet geet, hie betreit eis direkt, beréit eis a kann eis un e Spezialist weiderleeden. Vrun allem ass den Hausdokter eng direkt Vertrauenspersoun. Haut ass de Weltdag vun der Hausmedizin an dëst Joer steet deen, der Situatioun ugepasst ënnert dem Thema "Family doctors on the front line". Wat bedeit dat genee a wéi kënnen d'Generalisten den Ament schaffen an hir Patiente betreien? En Interview mam Dr. Patrick Tabouring.

19/05/2020 Weltdag vun der Hausmedezin

"Den Alldag ass en onvirstellbaren Alldag ginn, et ass en Zäitnoutstand, wärend der Corona-Kris", seet den Dr. Tabouring.
Op dräi Pläng ass de Generalist gefuedert: Reaktivitéit, Flexibilitéit a Vigilance. Dat heescht séier reagéieren, flexibel an uechtsam bleiwen, well d'Patienten och mat anere Gesondheetsproblemer wëllen a musse betreit ginn.

Zäit hunn, sou wéi déi aktuell Kris eis et gewisen huet, ass eppes, vun deem een och als Generalist profitéiert. Et schafft ee mat Discernement, et decidéiert een, ob een de Patient iwwer Teleconsultatioun betreit oder ob een en an der Praxis ënnert de festgeluechte Sécherheetsmoossnamen wëll gesinn: Hännwäschen, Distanz, Visière, Mask, Vitrage.

D'Roll vum Generalist ass et - ob an enger sanitärer Kris oder net - den éischte Kontakt vun engem Patient ze sinn, also d'Accessibilitéit. Dono ass et d'Begleedung, déi op d'Vertrauen tëscht Dokter a Patient baséiert, an der Disponibilitéit, déi en do muss hunn. An um Enn kënnt och den Engagement fir säi Patient derbäi par Rapport zur Santé publique an esouguer der Politik.

Den Engagement vum Allgemengmedeziner ass deemno gefuerdert an do läit et dann och, datt de Beruff ëmmer nees Nowuess-Problemer huet. D'Evolutioun vum Beruff huet mat sech bruecht, datt d'Kompetenze an d'Luucht gaange sinn. Dogéint ass et beim Hausdokter - wéi bei anere Beruffer och - ëmmer méi d'Unerkennung, déi feelt. Et geet drëm Leeschtung a kuerzer Zäit bréngen, wat dacks Iwwerfuerderung a souguer Burnout ka mat sech bréngen.

D'Coronakris kann eis geléiert hunn, sech nees Zäit ze huelen fir säi Beruff, d'Preventioun weiderzedreiwen a jonk Studente ze motivéieren op dee Wee ze goen. Den neie Bachelor op uni.lu kann do zousätzlech motivéieren, sou den Dr. Patrick Tabouring.