
Entre-temps schmëlzt awer de Wee an d'Nimm vun den Uertschaften duerch déi se elo fiert kennt een schonn besser. Gëschter Köln an elo Andernach.
Déi 800km an 8 Deeg zréckzeleeën war net just e Wonsch oder en Uleies. d'Anne erfëllt sech säin Dram. Et ass en Challenge an deen huet et bis elo gutt gemeeschtert.
Fir eis, déi mer d'Anne zanter dem Depart e Samschdeg suivéieren, ass et e bësschen sou wéi wann ee Moies zur Fënster erauskuckt wéi d'Wieder ass. Sou lauschtere mir och all Dag wou d'Anne drun ass a wéi et him geet. Op de Vëlo nach ganz ass, an op d'Hobbycyclistin nach japsen a goe kann.
D'Anne van Wetteren ass op seng eege Féiss, oder villméi op seng eegen 2 Rieder gestallt.
De Pierre, e belsche Frënd aus der Kandheet, ass zanter Bremen als Compagnon derbäi, awer eng technesch Equipe, déi vir alles ronderëm suergt, gëtt et keng. Bis elo koum d'Anne gutt derduerch- ofgesinn vun e puer Klengegkeeten.
De Vëlostripp kenn der och op rtl.lu suivéieren mat Fotoen an Live-Andréck.
An Daumen drécken, dass alles gutt geet, kann een vun iwwerall.