Luxusmarke bidden elo och Kleeder un, déi guer net méi wierklech existéieren. Viséiert sinn dovunner Influencer a Notzer vu Computerspiller - an dat ass anscheinend en zimmlech lukrative Marché. Kléngt zimmlech irreell? Ass et och, an awer...! D'Nicky Soisson mat den Detailer.

19052020 Virtuell Kleedung

Do steet et op der Wiss, d'Mary Ren, eleng, an hirem schéine Rack, deen ëmmerhin 8.600 Euro kascht huet, e Kaddo vu hirem Mann. U sech, bis op den dach zimmlech stolze Präis, näischt Exzeptionelles.
Ma elo kënnt awer de Clou: de Rack ass nämlech net echt, e gouf um Computer entworf, programméiert an existéiert nëmme virtuell! En ass deemno just op enger Foto ze gesinn. Nokafe kann een dëst Stéck allerdéngs net, well et ass en Unikat! An awer am grousse Ganze keen Eenzelstéck méi, well virtuellen Design gëtt an der Moud ëmmer méi wichteg.

De Rack ass e sougenannten Non-Fungible Token, en eenzegaarteg, onverännerlechen digitalen Objet, deen net kopéiert ka ginn. En existéiert op engem Blockchain - also engem dezentralen Datebanksystem, deen och d'Häerzstéck vu Kryptowärunge wéi Bitcoin ass - an nëmmen do kann e vum Besëtzer un en aneren Notzer weidergi ginn.

Sozial Medien an digital Biller beaflossen, wéi a fir wien sech d'Konsumente kleeden: verschiddener wëlle virun allem op Instagram gutt ausgesinn. Firwat also net direkt nëmme virtuell produzéieren, hu sech schonn e puer grouss Marke geduecht. En plus kéint ee jo esou och nach Suen a Matière Première spueren: et gëtt nëmmen e Fichier op enger Festplack an dat gutt Stéck net méi a Wierklechkeet an engem am Lager. Nohalteg, effizient an innovativ – Wierder, déi an der Moud haut immens wichteg sinn. 

Elo scho gëtt a villen Atelieren an an de Moudeschoulen virun allem mam Computer geschafft. An hei läit da wuel dat gréisste Potential vun digitaler Kleedung: manner analog Stoff-Experimenter bedeite manner onbrauchbar Entwërf an deemno och manner Offall.

Ma d'Marke feilen aktuell net nëmmen un der Produktioun, mee och um Placement vun hiren Designen: E renomméierte franséische Luxuslabel huet d'lescht Joer am November am Kader vun der Weltmeeschterschaft vun der "League of Legends" – deem wuel am meescht gespillte Computerspill op der Welt, eng Kollektioun lancéiert. Bal 100 Millioune Spectateuren haten 2018 d'Weltmeeschterschaft nogekuckt. Vill Publikum an deemno och eng mega gutt Visibilitéit fir d'Mark!

Eng clever Kooperatioun, well duerch d'Kommerzialisatioun an engem Computerspill wéi 'League of Legends' versicht d'Mark nei Zilgruppen unzeschwätzen, déi si mat hirer Luxusmark soss ni erreeche géingen. Mat där Marketingsiddi ass de franséische Luxuslabel awer net eleng. Och eng weltbekannte Sportsmark huet lescht Joer well Sneaker fir d'Spill "Fortnite" entwéckelt. An och e groussen italienesche Label huet well Räck, Jacketten a Pullover fir d'Spillfigure vun de Sims entworf.

Wéi an der Realitéit geet et den Notzer am Spill ëm Individualitéit a Statusa well e Computerspill manner u Funktionalitéit a Naturgesetzer gebonnen ass, bidde sech och beandrockend nei Designméiglechkeeten un: wat méi extravagant a méi kreativ wat besser.

Bis dass Kleeder aus de Computerspiller um reelle Marché landen, kéint et awer nach daueren, och wann d'Marken dofir well eng Jett maachen. Ma ëmmer méi dacks kennt et vir, dass déi selwecht Marken nieft enger digitaler Kollektioun och e gräifbare Pendant erausbréngen.