Emotiounen kënnen e Ventil oder Undriff sinn. A grad elo, wou vill Leit Corona-Stëmmungsschwankungen hunn, ass et wichteg hinne fräie Laf ze loossen.

22/05/2020 Gefiller zouloossen

Et ass alles ok: frustréiert, frou, traureg oder enttäuscht ze sinn. All Emotiounen hunn hir Berechtegung, egal ob ee vu Freed an d'Luucht spréngt oder bal explodéiert vu Roserei.

Gefiller entstinn am Gehier, am sougenannte limbesche System. Eng Knippchen mat Nervenzellen, d'Amygdala, spillt dobäi déi wichtegst Roll: wa mer a Gefor geroden oder an eng aner Stresssituatioun, ginn d'Signaler direkt dohinner gesent. Den Alarm geet un a mer gi vun eise Gefiller iwwerwältegt. De Kierper kritt dat och ze spieren; de Bluttdrock geet an d'Luucht, d'Häerz schléit méi séier, d'Muskele sinn ugespaant an et gëtt Adrenalin ausgeschott.

© Pixabay

Positiv Emotiounen maachen eis méi fräi a méi oppen. Dëse Gefills-Rausch mécht eis méi virwëtzeg, mir gi méi grouss Risiken an a sinn oppe fir Neies. Esouguer gutt Gefiller, déi nëmmen kuerz unhalen, verhält sech eist Gehier. Se stäerken d'Bauchgefill, mat deem mer dacks wichteg Decisiounen huelen, wann och onbewosst.

Am grousse Ganzen gi mer méi zéi, méi gesond, méi opmierksam an esouguer méi clever, well mer bereet sinn, Problemer op eng ganz kreativ Aart a Weis ze léisen.

© Pixabay

Och negativ Emotiounen spillen eng wichteg Roll. Duerch si kënne mer Power an Energie fräisetzen. Duerch Roserei an Haass blende mer alles aus wat deen Ament net wichteg fir eis ass. D'Gefiller kënnen konstruktiv genotzt ginn, andeems ee sech zum Beispill fir eppes asetzt oder géint Ongerechtegkeete kämpft.

Roserei sollt een op kee Fall ënnerdrécken, déi ka spéiderhin a Gewalt an Depressiounen ëmschloen. Erliichterung empfënnt een wann ee se erausléisst, andeems en en Tour lafe geet oder drop lass kräischt.

© Pixabay

Och kleng Ausernanersetzungen an Angscht  kënnen Tréinen ausléisen, an déi reduzéieren d'Emotiounen. Kräischen ass eng Aart Ventil.

Gefiller soll een zouloossen, op se lauschteren a se acceptéieren.